Arches-Nationalpark

Versioun vum 18:07, 24. Mäe. 2013 vum Addbot (Diskussioun | Kontributiounen) (Bot: Huet 1 Interwikilinke geréckelt, déi elo op Wikidata op d:q223969 zur Verfügung gestallt ginn).

Den Arches-Nationalpark ass en Nationalpark an de Vereenegte Staaten, no bei Moab am Oste vum Bundesstaat Utah. En huet säin Numm dohier ("arch" = "Bou"), well do méi wéi 2000 Béi aus Sandstee stinn, déi duerch Erosioun entstane sinn an déi wéi natierlech Brécken an der Landschaft sinn. De Park gouf 1929 etabléiert a steet ënner der Opsiicht vum National Park Service.

D' Delicate Arch
D'Landscape Arch

Bekannte "Béi" sinn d' Landscape Arch, Double Arch, Double O Arch an d'Delicate Arch. Nimm vu bemierkenswäerte Fielsforme sinn ë. a. Courthouse Towers, Windows Section, Delicate Arch, Fiery Furnace, Devils Garden a Klondike Bluffs.

D'Temperature schwanken zolidd; am Wanter kann et do schneien an am Summer bis iwwer 40 °C waarm ginn.

Um Spaweck

Commons: Arches-Nationalpark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Koordinaten: 38° 37’ 02’’ N 109° 37’ 16’’ W