Eech um Schléiwenhaff
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
Déi bemierkenswäert Eech um Schléiwenhaff steet an der Strooss déi vu Leideleng-Gare op Leideleng féiert (rue de la gare), beim Haus Nr 86, nieft der Bréck iwwer d'Boventerbaach. De Bam steet op Staatsterrain.
Wéinst hirem Alter an och der Plaz wou se steet, gehéiert si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Dës Eech gouf 2002 fir t’éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem opgeholl. Et gouf bis 2008 keng verëffentlecht Beschreiwung a Foto vun dësem bemierkenswäerte Bam.
Ëm 2000 gouf e Stammëmfank op Broschthéicht vun 3,32 m gemooss, bei enger Héicht vu 15 m.
Geographesch Koordinaten: 49° 34’ 36.35’’ N 06° 03’ 29.31’’ O
Quellen
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 237, keen Text a keng Foto).