Alslawesch
slawesch Sprooch
Alslawesch (alsl.: словѣньскъ ѩзꙑкъ) war déi éischt slawesch Sprooch, déi schrëftlech festgesat gouf. Si wor am Mëttelalter och en allgemengt Kommunikatiounsmëttel vun de slawesche Völker, well deemols gouf et nach net esou vill Ënnerscheeder tëschent de verschiddene slawesche Sproochen. Déi hunn sech eréischt méi spéit erauskristalliséiert. Am Allgemengen ass déi alslawesch Sprooch d'Basis vun alle slawesche Sproochen vun Haut. Si ass net mam Alkircheslaweschen ze verwiesselen, obschons se bal identesch sinn. Dës Sprooch gouf nämlech spéider op Basis vum Alslawesch entwéckelt.