14. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis
De 14. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de l'Observatoire ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.
Quartieren |
Montparnasse, Parc-de-Montsouris, Petit-Montrouge, Plaisance |
---|---|
Buergermeeschter | Carine Petit |
Awunner | 136.368 |
Fläch | 5,62 km² |
Postcode | 75014 |
INSEE-Code | 75114 |
Koordinaten | 48°49'58,88"N, 2°19'36,80"O |
Déi aktuell Grenze vum 14. Arrondissement bestinn zanter 1860, nodeems d'Stad op Grond vun engem Gesetz vum 16. Juni 1859 nei opgedeelt gouf. Den haitegen Arrondissement besteet aus Deeler vun de fréieren 11. a 12. Arrondissementer an Deeler vun de Gemenge Montrouge, Gentilly, Vanves a vun der fréierer Gemeng Vaugirard.
Geographesch Lag
ännerenDe 14. Arrondissement läit um lénksen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 13., am Westen un de 15., am Norden un de 5. a 6. Arrondissement an am Süden un d'Gemenge Gentilly, Montrouge a Malakoff.
Quartieren
ännerenWéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 53. Quartier du Montparnasse
- 54. Quartier du Parc-de-Montsouris
- 55. Quartier du Petit-Montrouge
- 56. Quartier de Plaisance
Biller
änneren-
Den Observatoire vu Paräis
-
Gebai an der Studentesiidlung
-
Kierch Notre-Dame-du-Travail
-
Am Parc Montsouris
-
Léif op der Place Denfert-Rochereau
Kuckeswäertes
ännerenKleng Auswiel:
Um Spaweck
ännerenCommons: 14. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren