5. September
Datum
<< | September | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | ||||||
2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 |
9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 |
16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 |
23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 |
30 | ||||||
2024 |
De 5. September ass den 248. Dag vum Joer (249. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1698: De russeschen Zar Péiter de Grousse féiert eng Steier op Bäert an, fir sengem Vollek orientalesch Bräich ofzegewinnen.
- 1821: Costa Rica, El Salvador, Guatemala, Honduras an Nicaragua, bis dohin Deel vum Vizekinnekräich Neispuenien, ginn onofhängeg Staaten.
- 1914: Am Éischte Weltkrich fänkt d'Marneschluecht un, an där 550.000 Zaldote stierwen.
- 1928: De brittesche Bakteriolog Alexander Fleming entdeckt, datt de Schimmelpilz "Penicillin notatum" d'Bakteerien um Wuessen hënnert.
- 1944: D'Konventioun iwwer d'Benelux-Zollunioun gëtt ënnerschriwwen (en trëtt den 1. Januar 1948 a Kraaft).
- 1972: Wärend den Olympesche Spiller zu München gi vun aacht Membere vun der palestinensescher Terrorgrupp Schwaarze September an engem Haus 11 israeelesch Geisele geholl, Sportler an hir Betreier. Um Enn vum Dag si 5 Terroristen dout an 3 festgeholl. D'Geisele sinn alleguer dout an och e Polizist ass ëm d'Liewe komm.
- 1981: Aweiung vum Hôpital Princesse Marie-Astrid zu Nidderkuer.
Sport
änneren- 2001: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 0:3 géint Schwäiz.[1]
- 2002: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:5 géint Israel.[2]
- 2009: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Chisinau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:0 géint Moldawien.[3]
- 2015: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1:0 géint Mazedonien. De Sébastien Thill huet de Gol geschoss.[4]
- 2019: D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Belfast an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Nordirland. De Gol fir Nordirland war e Selbstgol vum Lëtzebuerger Verdeedeger Kevin Malget.[5]
Gebuer
änneren-
Louis XIV.
-
Dieter Hallervorden
-
Raquel Welch
-
Werner Herzog
-
Freddie Mercury
-
Marianne Majerus
- 1187: Louis VIII., Kinnek vu Frankräich.
- 1638: Louis XIV., Kinnek vu Frankräich.
- 1763: Jean-Georges Willmar, Jurist a Gouverneur vu Lëtzebuerg 1817-1831.
- 1771: Karl-Ludwig vun Habsburg-Loutrengen.
- 1875: Paul Funck, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1907: Jules Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1918: Nicolas Kollwelter, lëtzebuergesche Politiker.
- 1920: Fons Rademakers, hollännesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 1922: Charles Reichling, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 1922: Gisela Trowe, däitsch Schauspillerin.
- 1924: Riccardo Cucciolla, italieenesche Schauspiller.
- 1931: Moshé Mizrahi, israeelesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1935: Dieter Hallervorden, däitsche Kabarettist a Komiker.
- 1937: Dick Clement, britteschen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1937: William Devane, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1939: George Lazenby, australesche Schauspiller.
- 1939: Hubert Striebig, franséischen Autoscoureur.
- 1940: Raquel Welch, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1940: Romaine Berens, lëtzebuergesch Romanistin a Konschthistorikerin.
- 1942: Werner Herzog, däitsche Filmregisseur.
- 1946: Freddie Mercury, brittesche Sänger (Queen).
- 1948: Benita Ferrero-Waldner, éisträichesch Politikerin.
- 1951: Michèle Thoma, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 1951: John Schummer, lëtzebuergesche Politiker.
- 1956: Marianne Majerus, lëtzebuergesch Fotografin.
- 1984: Chris Anker Sørensen, dänesche Vëlossportler.
Gestuerwen
änneren- 1569: Pieter Bruegel den Eeleren, flämesche Moler.
- 1701 - James II., Kinnek vun England an als James VII. Kinnek vu Schottland.
- 1877: Crazy Horse, Häuptling vun den Oglala-Lakota-Sioux-Indianer.
- 1891: Antoine Hartmann, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1910: Alexander Baumgartner, Schwäizer Jesuitt a Literaturwëssenschaftler.
- 1942: Alphonse Schmit, lëtzebuergesche Mathemnatikprofesser an Nazi-Affer.
- 1969: Émile Lux, lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Gewerkschaftler.
- 1988: Hans Albin, däitsche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1988: Gert Fröbe, däitsche Schauspiller.
- 1989: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 1990: Beppo Brem, däitsche Schauspiller.
- 1997: Agnes Gonxha Bojaxhiu, albanesch Uerdensgrënnerin a Friddensnobelpräisdréierin (Mutter Teresa).
- 1997: Georg Solti, ungareschen Dirigent.
- 2001: Tamara Michailowna Smirnowa, russesch Astronomin.
- 2002: David Todd Wilkinson, US-amerikaneschen Astrophysiker a Kosmolog.
- 2016: Hugh O'Brian, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2017: Nicolaas Bloembergen, hollännesch-US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 2024: Sérgio Mendes, brasilianesche Museker a Komponist.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 5. September – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 5. September 2001 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Israel de 5. September 2002 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Moldawien-Lëtzebuerg de 5. September 2009 op der Websäit vun European Football
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Mazedonien vum 5. September 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ Northern Ireland vs Luxembourg, 5 September 2019. eu-football.info. Gekuckt de(n) 3.01.2020.