6. Abrëll
Datum
<< | Abrëll | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | |||||
2024 |
De 6. Abrëll ass de 96. Dag (97. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1917: D'USA erklären Däitschland de Krich.
- 1964: An der Stad Lëtzebuerg gëtt deen neie Stater Kolléisch um Geesseknäppchen a Betrib geholl.
- 1994: De Genozid am Ruanda fänkt u mam Ofschoss vun engem Fliger, an deem de Staatspresident Juvénal Habyarimana an de burundesche Staatspresident Cyprien Ntaryamira souzen.
- 1994: Den Eurotunnel ënner dem Äermelkanal gëtt ageweit.
- 1997: Um Houwald kënnt bei der Kollisioun tëscht engem Persounen- an engem Gidderzuch 1 Persoun ëm d'Liewen.
- 2001: Lëtzebuerg: Feierlechkeete fir d'Trounbesteigung vum Grand-Duc Henri.
- 2002: De José Manuel Barroso gëtt Ministerpresident vu Portugal.
Sport
änneren- 1930: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Genua 1:8 géint Italien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Michel Stemper geschoss.[1]
- 1952: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Vic Nurenberg a Jos Roller geschoss.[2]
Gebuer
änneren-
Jiří z Poděbrad
-
Nadar
- 1420: Jiri vu Podiebrad, béimesche Kinnek.
- 1725: Pascal Paoli, korsesche Revolutionär a Widderstandskämpfer.
- 1762: Étienne Heuschling, lëtzebuergesch/belsche Philolog.
- 1807: Camille de Tornaco belsche Politiker a President vum Senat.
- 1820: Nadar, franséische Fotograf, Schrëftsteller, Zeechner a Loftschëffkapitän.
- 1830: Jean Wolf, Lëtzebuerger Kraaftmënsch.
- 1851: Guillaume Bigourdan, franséischen Astronom.
- 1858: Louis Blum, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 1884: Walter Huston, kanadesche Schauspiller.
- 1890: André Danjon, franséischen Astronom.
- 1901: Joseph Witry, lëtzebuergesche Lepidopterolog a Botaniker.
- 1902: Julien Torma, franséische Schrëftsteller.
- 1904: Kurt Georg Kiesinger, däitsche Politiker a Bundeskanzler.
- 1912: Pierre Hemmer, lëtzebuergesche Leefer.
- 1924: Yannick Bellon, franséisch Film-Cutterin a Filmregisseurin.
- 1924: Roger Steffen, lëtzebuergesche Moler.
- 1932: Helmut Griem, däitsche Schauspiller.
- 1943: Paul Faber, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 1946: Mario Hirsch, lëtzebuergesche Jurist, Politikwëssenschaftler a Journalist.
- 1948: Georges Jacquemart, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1948: Patrika Darbo, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1963: Rafael Vicente Correa Delgado, ecuadorianesche Politiker.
- 1963: Pauline Lafont, franséisch Schauspillerin.
- 1964: David Woodard, US-amerikaneschen Dirigent a Schrëftsteller.
- 1973: Claudia Dall'Agnol, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1977: Christian Weier, lëtzebuergesche Reider.
- 1985: Zhao Xue, chineesesch Schachgroussmeeschtesch.
Gestuerwen
änneren- 1199: Richard I. "Léiwenhäerz", Kinnek vun England.
- 1311: Philippa vu Lëtzebuerg, Duechter vum Grof Heinrich V.
- 1520: Raffael, italieenesche Renaissance-Moler a -Baumeeschter.
- 1528: Albrecht Dürer, däitsche Moler a Graphiker.
- 1961: Jules Bordet, belsche Biolog an Immunolog.
- 1963: Otto von Struve, russesch-amerikaneschen Astronom.
- 1971: Igor Strawinsky, russesch-US-amerikanesche Komponist.
- 1971: Michel Wolff, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1972: Heinrich Lübke, däitsche Politiker a Bundespresident.
- 1991: David Lean, brittesche Filmregisseur.
- 1992: Isaac Asimov, US-amerikanesche Biochemiker a Science-Fiction-Schrëftsteller.
- 1994: Cyprien Ntaryamira, President vum Burundi.
- 1994: Juvénal Habyarimana, Staatspresident vum Ruanda.
- 1998: René Schmitt, lëtzebuergesche Museker.
- 2000: Habib Bourguiba, President vun Tunesien.
- 2005: Rainier III., Prënz vu Monaco vun 1949-2005.
- 2014: Mickey Rooney, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2017: Jack Pinoteau, franséische Filmregissuer an Dréibuchauteur.
- 2019: David J. Thouless, brittesche Physiker.
- 2021: Hans Küng, Schwäizer Theolog, Kierchekritiker an Initiator vum Projet Welteethos
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 6. Abrëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |