Auguste Flesch
lëtzebuergeschen Dokter a Politiker
Den Auguste Flesch, gebuer de 24. Juni 1844 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 14. August 1921 zu Rëmeleng[1][2], war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
Auguste Flesch | |
---|---|
Gebuer |
24. Juni 1844 Rue de l'Eau |
Gestuerwen |
14. August 1921 Rëmeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dokter, Politiker |
Bei de Chamberwale fir de Kanton Esch, nom Doud vum Xavier Brasseur, gouf den Auguste Flesch den 28. November 1912[3] gewielt an huet d'Funktioun als Deputéierten an der Chamber bis 1918 behalen.[4]
Den Auguste Flesch war de Grousspapp vun der Colette Flesch.[4]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier vum Ordre de Léopold
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Doudesannonce vum Auguste Flesch am Luxemburger Wort vum 17. August 1921 op eluxembugensia.lu gekuckt den 11. Abrëll 2022
- ↑ Family tree of Auguste FLESCH. Geneanet. Gekuckt de(n) 2022-04-11.
- ↑ Lokal-Neuigkeiten an Die neue Zeit = Les temps nouveaux (Organ für fortschrittliche Politik und Volksbildung) vum 1. Dezember 1912 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 12. Abrëll 2022
- ↑ 4,0 4,1 Biographie vum Auguste Flesch an 'Le collège médical 1818-1968' op der Säit 64 publizéiert op aloss.lu