David Cameron
Den David William Donald Cameron, gebuer den 9. Oktober 1966 zu London, ass e brittesche Politiker. Hie war vun 2010 bis 2016 Premierminister.
David Cameron | |
---|---|
Gebuertsnumm | David William Donald Cameron |
Gebuer |
9. Oktober 1966 Marylebone |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Eton College |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Konservativ Partei |
Den David Cameron gouf de 6. Dezember 2005 de 26. President vun der Konservativer Partei. Hien ass ausserdeem Deputéierten am Brittesche Parlament vum Waldistrikt Witney am Oxfordshire.[1]
Bei de Parlamentswale vum 6. Mee 2010 kruten déi Konservativ, mam Cameron un der Spëtzt, 306 Sëtz, 20 ze mann fir d'Majoritéit ze hunn. Hie gouf den 11. Mee vun der Kinnigin Elizabeth II. zum Premierminister ernannt, an enger Koalitiounsregierung mat de Liberal-Demokraten.[2]
Bei de Parlamentswale vum 7. Mee 2015 huet d'Konservativ Partei d'absolut Majoritéit vun de Sëtz kritt, an de Cameron blouf Premierminister. Fir déi EU-kritesch Stëmmen a senger Partei ze zëssen, huet hie fir den 23. Juni 2016 e Referendum ausgeruff, doriwwer, op Groussbritannien sollt an der EU bleiwen oder austrieden. Dëse sougenannt Brexit-Referendum goung mat 51,9 % fir en Austrëtt aus, an de Cameron huet doropshin säi Récktrëtt ugekënnegt. Den 13. Juli 2016 gouf d'Theresa May seng Nofollgerin als Presidentin vun der Konservativer Partei an als Premierministesch.
Vum 3. November 2023 bis de 4. Juli 2024 war hien Ausseminister ënner dem Premier Rishi Sunak.
Um Spaweck
änneren- (en)The David Cameron story, BBC-profiel
Commons: David Cameron – Biller, Videoen oder Audiodateien |