Extragalaktesch Astronomie
D'Extragalaktesch Astronomie („aussergalaktesch“) als Deelgebitt vun der Astronomie beschäftegt sech mat Himmelskierper, déi baussent eiser Galaxis, der Mëllechstrooss, sinn.
Am Ufank vum 20. Joerhonnert – wéi zum Beispill an der Shapley-Curtis-Debatt – war et onsécher, ob et iwwerhaapt observéierbar Objete baussenzeg vun der Mëllechstrooss gëtt. Eréischt an den 1920er-Jore gouf, haaptsächlech duerch d'Entdeckung vun den Cepheiden a Spiralniwwelen vum Edwin Hubble, kloer, datt et Galaxië sinn déi eiser Mëllechstrooss gläichen. Bis zum zweete Weltkrich waren d'Ënnersich vu Galaxien op d'visuellt Liicht reduzéiert. Den technesche Fortschrëtt huet et erméiglecht, datt d'Observatioun vun extragalakteschen Objeten ze realiséiere war, souwéi och weider Beräicher vum elektromagnetesche Spektrum, wéi Radioberäich a spéider och a Röntgenstralung, Gammastralung an am Ultraviolett- an Infraroutberäich. Duerch déi Observatiounsberäicher an Empfindlechkeetsvergréisserung vu modernen Teleskopen an Instrumenter koumen nieft de Stären a Gasniwwele vu Galaxien och nei Phenomeener wéi aktiv galaktesch Kären, Gas a Stëbs am interstellare Medium vun de Galaxien an d'kosmesch Hannergrondstralung an den Intressi vun den Astronomen.
Déi normal extragalaktesch Moosseenheet fir Distanzen ass de Megaparsec, ofgekierzt Mpc, deen enger Distanz vun 1 Millioun Parsec oder 3,262 Millioune Liichtjoer entsprécht. Déi noost Galaxien, d'Magellanesch Wolleken, leien op enger Distanz vu ronn 0,05 Mpc, déi wäitst Galaxie, déi bis elo observéiert gouf, ass Dausenden Mpc ewech.
Déi an der Allgemengheet bekanntst extragalaktesch Objete sinn den Andromedaniwwel an e puer aner no Galaxien, souwéi d'Quasaren.
Extragalaktesch Objeten
änneren- Galaxië vu verschiddenen Typpen, z. B. elliptesch a Spiralgalaxien an hir Bestanddeeler wéi Stären, Gas a Stëbs. An den nooste Galaxië kënnen och eenzel Stäre raimlech getrennt an domat individuell ënnersicht ginn.
- Aktiv Galaxien an deenen d'Matière op e Schwaarzt Lach astréimt, wéi Quasaren a Radiogalaxien an déi domat verbonne Phenomeener wéi Radiojeten.
- Galaxiëgruppen a Galaxiëkéip wéi z. B. Coma- a Virgokoup an déi groussraimeg Verdeelung vu Galaxien am vun Donkeler Matière an Donkeler Energie ausgefëllten Universum.
- Intergalaktesch Matière tëscht den eenzele Galaxien, zum Beispill de gliddege Gas an de Galaxiëkéip.
- Hell Eenzelobjete wéi Supernovaen a Gammablëtzer.
- Déi kosmesch Hannergrondstralung aus der Zäit kuerz no dem Urknall.