Gambia
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Gambia (offiziell d'Republik Gambia; op Englesch Republic of the Gambia) ass e Staat a Westafrika.
Republic of The Gambia Republik Gambia | |||||
| |||||
National Devise: Progress, Peace, Prosperity Fortschrëtt, Fridden, Wuelstand | |||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
Haaptstad: | Banjul | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | President Adama Barrow | ||||
Fläch: | 11.300[1] km² | ||||
Bevëlkerung: | 2.092.731 (geschat; Juli 2018)[1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 151,68/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 18. Februar 1965 vu Groussbritannien | ||||
Nationalfeierdag: | 18. Februar (Independence Day) | ||||
Nationalhymn: | For The Gambia Our Homeland | ||||
Wärung: | Dalasi | ||||
Zäitzon: | UTC +0 | ||||
Internet TLD: | .gm | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+220 | ||||
Geographie
ännerenGambia läit a Westafrika. Et huet eng 80 Kilometer laang Küst um nordatlanteschen Ozean a grenzt un nëmmen een anere Staat, de Senegal, dee mat Ausnam vun der Küst ganz ronderëm läit a mat deem en eng Grenz vu 749 Kilometer deelt.[1]
Topographesch gesinn ass de Gambia zimmlech platt. Et besteet aus dem Plateau mam Gambiafloss, dee sech vun Oste bis Westen duerch dat ganzt Land zitt, an den héchste Punkt am Land läit nëmmen 53 Meter iwwer dem Mieresspigel. D'Duerchschnëttshéicht vum Land läit bei 34 Meter iwwer dem Mieresspigel.[1]
Mat enger Fläch vun 11.300 Quadratkilometer, dovun enger Landfläch vun 10.120 Quadratkilometer, ass Gambia ongeféier véiermol sou grouss wéi Lëtzebuerg. Et ass flächeméisseg dee klengste Staat um afrikanesche Kontinent. Nëmmen d'afrikanesch Inselstaate sinn nach méi kleng.
D'Klima ass tropesch mat enger Reenzäit tëscht Juni an November a méi enger killer Dréchenzäit vun November bis Mee.
Bevëlkerung
ännerenMat enger Bevëlkerung, déi 2018 op 2,1 Milliounen Awunner geschat gouf, ass Gambia dat 148. meeschtbevëlkert Land op der Welt.[1]
34% vun den Awunner si Mandinka a Jahanka, 22% si Fulani, Tukulur oder Lorobo, 13% si Wolof an 11% si Jola oder Karoninka.[1]
D'offiziell Verwaltungssprooch ass Englesch, mä déi meeschtgeschwate Sprooche si Mandinka, Wolof, Fula an eng Rëtsch aner lokal Sproochen.[1]
Wéi och am Nopeschland Senegal ass d'Majoritéit vun de Gambier Moslemen (méi wéi 90%).[2]
Illustratiounen
änneren-
E Bazar zu Banjul
-
Eng Moschee zu Banjul
-
Vue op d'Haaptstad
-
100 Dalasi
Um Spaweck
ännerenCommons: Gambia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vu Gambia
- Allgemeng Informatiounen iwwer Gambia
- Websäit vun der Lëtzebuergescher Représentation permanente vun der Union africaine zu Addis Abeba
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 Gambia am CIA World Fact Book (gekuckt den 21. Mee 2019)
- ↑ CBS News: The most heavily Muslim countries on Earth