Georges Faber (Manager)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Manager Georges Faber. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Georges Faber. |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Georges Faber, gebuer de 4. Dezember 1926, gestuerwen den 1. Oktober 1993, war e lëtzebuergesche Jurist an Industriemanager.[1]
Georges Faber | |
---|---|
Gebuer | 4. Dezember 1926 |
Gestuerwen | 1. Oktober 1993 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jurist |
De Georges Faber huet zu Lëtzebuerg, Fribourg a Paräis Droit studéiert. No engem Stage bei der UNO zu Genf, huet hien de Stage fir Nottär (1951-1953) a fir Affekot (1951-1954) gemaach[2]. 1952 huet hien ugefaange bei der ARBED ze schaffen a koum 1977 an d'Generaldirektioun. 1986 ass hien, als Successeur vum René Brück, President vun der Generaldirektioun ginn. 1991 huet hien, als Successeur vum Emmanuel Tesch, d'Presidence vum Verwaltungsrot iwwerholl.[3]
Hie war vun 1974 bis 1976 President vum Conseil économique et social.
Vum 26. Juli 1980 bis zu sengem onerwaarten Doud war de Georges Faber Member vum Staatsrot.
Referenzen
änneren- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 03.11.2009. Gekuckt de(n) 15.10.2011.
- ↑ Cahiers de droit fiscal international, 1974, p. 3.
- ↑ http://archives.lesoir.be/%C9nergie_t-19931002-Z079W5.html?queryand=%22georges+Faber%22+arbed&firstHit=0&by=10&when=-1&begYear=1989&begMonth=01&begDay=01&endYear=2011&endMonth=10&endDay=14&sort=datedesc&rub=TOUT&pos=0&all=6&nav=1