Jaco Van Dormael
De Jaco Van Dormael, gebuer den 9. Februar 1957 zu Ixelles, ass e belsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
Jaco Van Dormael | |
---|---|
Gebuer |
9. Februar 1957 Ixelles |
Nationalitéit | Belsch |
Educatioun | École Louis-Lumière |
Aktivitéit | Filmregisseur, Kameramann, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Theaterregisseur, Bünekënschtler, Filmproduzent |
Hien huet um Institut national supérieur des arts du spectacle zu Bréissel Film studéiert an do och säin éischte Kuerzfilm Maedeli la brèche (1981) gedréint, fir deen hien en Honorary Foreign Film Award bei de Student Academy Awards gewonnen huet. Toto le héros (1991), säin éischte Laangspillfilm, war direkt e Succès an huet d'Caméra d'Or um Festival vu Cannes gewonnen.
Fënnef Joer méi spéit war de Van Dormael erëm zu Cannes mam Film Le huitieme jour (1996) vertrueden, fir deen déi zwéin Haaptschauspiller, den Daniel Auteuil an de Pascal Duquenne, zesummen als bescht Schauspiller ausgezeechent goufen. Och säin drëtte Kinofilm Mr. Nobody (2009), ass gutt bei der Kritik ukomm an huet eng Rei Präisser gewonnen.
2015 koum Le Tout Nouveau Testament eraus.
Spillfilmer als Regisseur
änneren- 1991: Toto le héros, mam Michel Bouquet a Gisela Uhlen
- 1996: Le huitième jour, mam Daniel Auteuil a Miou-Miou
- 2009: Mr. Nobody, mam Jared Leto an Diane Kruger
- 2015:Le Tout Nouveau Testament, mam Benoît Poelvoorde, François Damiens, Marco Lorenzini an der Catherine Deneuve
Kuerzfilmer an aner Wierker als Regisseur
änneren- 2004 huet e bei enger Reklamm am Optrag vun der Commission de promotion des vins & crémants luxembourgeois mam Gérard Depardieu Regie gefouert.[1] Si gouf vun de Kreative bei Binsfeld Communication ausgeduecht a vun der d'Bréisseler Produktiounsfirma Mamatango Film Factory realiseiert. An der Reklamm, déi am Kino an op der Tëlee gelaf ass, seet den Depardieu de lëtzebuergesch Saz: "Wat huet deen eng Nues, wat huet deen eng Blumm."
- 2006 huet hien de Clip zum Lidd La ceinture vun der franséischer Sängerin Élodie Frégé gedréint.[2]
Filmer als Schauspiller
änneren- Pourquoi se marier le jour de la fin du monde? (2000) vum Harry Cleven
- Hombres complicados (1997) vum Dominique Deruddere
Um Spaweck
ännerenCommons: Jaco Van Dormael – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ ivv.public.lu: XI. La viticulture luxembourgeoise (gekuckt den 9. Januar 2014)
- ↑ virginmega.fr: Clip vun La Ceinture (gekuckt den 9. Januar 2014)