Jeanny Dom
D'Jeanny Dom, gebuer de 5. Februar 1954 zu Iechternach, ass eng fréier lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin.
Jeanny Dom | |
---|---|
Gebuer |
5. Februar 1954 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dëschtennisspiller |
No hirer sportlecher Karriär als Athleetin war si vun 1986 bis 1992 Sekretärin vun der lëtzebuergescher Dëschtennisfederatioun (FLTT). Am Januar 1993 krut si eng Plaz beim europäeschen Dëschtennisverband ETTU, wou si vun 1995 bis 2013 Generalsekretärin war.[1]
Sportlech Karriär
ännerenD'Jeanny Dom huet 1965 ugefaangen, Dëschtennis ze spillen. Schonns 1969, mat 15 joer, gouf si fir d'Weltmeeschterschaft vun den Erwuessenen nominéiert.Hire gréisste Succès hat si am Jugendberäich, wéi se 1971 mat der Meedercherséquipe bei de Jugendeuropameesterschaften zu Ostende Bronze gewonnen huet. Si huet fënnefmol beim Internationale Championnat vu Lëtzebuerg gewonnen.[2] Si war och fënnef Kéiere bei der Weltmeeschterschaft derbäi, nämlech 1969, 1973, 1975, 1977 ab 1979, ouni awer do no bei eng Medail ze kommen.
Wéinst hirem Succès gouf si 1970, 1971, 1973 an 1975 bis 1978 zu der Lëtzebuergescher Sportlerin vum Joer gewielt.
Kuckt och
änneren- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Virdrun | Sportlerin vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Annette Berger Nelly Wies Berthy Krier |
1970 - 1971 1973 1975 - 1976 - 1977 - 1978 |
Nelly Wies Berthy Krier Carine Risch |
Referenzen
änneren- ↑ ETTU.org - Honorary membership for Jeanny DOM. www.ettu.org. Gekuckt de(n) 2020-09-04.
- ↑ [https://onsstad.vdl.lu/fileadmin/uploads/media/ons_stad_83-2006_56-63.pdf ons stad 83 (2006, S.