Kalennersystemer
Wikimedia-Lëschtenartikel
(Virugeleet vu(n) Kalenner)
Déi follgend „Lëscht vu Kalennersystemer“ ass no der astronomescher Grondlag vun de Systemer zortéiert. Et gëtt Lunarkalenneren, Solarkalenneren an d'Mëschform Lunisolarkalenneren.
Verschidde Kalennerentwërf, déi bis elo a kenger Gesellschaft oder Relioun ëmgesat gi sinn, si separat opgefouert.
Eng sécher Andeelung a gebräichlech an historesch Kalennersystemer ass schwiereg, well verschiddener schonn zanter Joerhonnerten net méi gebraucht ginn, an anerer nëmmen nach vu klenge Gruppe weider benotzt ginn. Sou ginn z. B. de Julianesche Kalenner, de Maya-Kalenner an den Iresche Kalenner nach vu verschiddenen Unhänger weider gebraucht.
Lunarkalenner
änneren- Islamesche Kalenner – a mosleemesche Gesellschafte gebräichlech
- Jiddesche Moundkalenner – duerch de Lunisolarkalenner ersat
- Alrëmesche Kalenner – duerch de Lunisolarkalenner ersat
- Sasih-Kalenner – op Bali gebräichlech
- fir de sideresche Kalenner kuckt Moundkalenner, Steenzäitkalenner
Solarkalenner
änneren- Chrëschtleche Kalenner
- Kierchekalenner: kathoulesche Liturgesche Kalenner
- Ethiopesche Kalenner – an Ethiopie gebräichlech
- Gregorianesche Kalenner – weltwäit dee meescht benotzte Kalenner
- Griichesch-Orthodoxe Kalenner oder Neijulianesche Kalenner – vun de sougenannten Neukalendarier gebraucht
- Julianesche Kalenner – nëmmen nach bei verschiddenen orthodoxe Kierchen (bei de sougenannten Altkalendarier) souwéi an de Geschichtswëssenschafte gebräichlech
- Koptesche Kalenner oder Alexandrinesche Kalenner – an de Koptesch-Orthodoxe Kierche gebräichlech
- Schweedesche Kalenner – kuerzfristeg a Schwede benotzt
- Indiktionsjoer – Eng mëttelalterlech Joreszuel
- Un de chrëschtleche Kalenner ugelehnte Kalennersystemer
- Chuch'e-Kalenner – an Nordkorea gebräichlech
- Japanesche Kalenner oder Gengō-Kalenner – a Japan gebräichlech
- Sowjetesche Revolutiounskalenner
- Suriyakati-Kalenner – an Thailand gebräichlech
- Taiwanesche Kalenner – op Taiwan gebräichlech
- Egyptesche Kalenner
- Armeenesche Kalenner
- Azteke Kalenner
- Badi-Kalenner oder Baha'i-Kalenner – ënner den Unhänger vun der Baha'i-Relioun gebräichlech
- Bangla-Kalenner – am Bangladesch an Indie gebräichlech
- Bikram Sambat – am Nepal gebräichlech
- Diskordianesche Kalenner
- Republikanesche Kalenner - och Franséische Revolutiounskalenner genannt
- Hinduistische Sonnekalenner
- Indeschen Nationalkalenner oder Saka-Kalenner – an Indie gebräichlech
- Iranesche Kalenner oder Dschalāli-Kalenner – am Iran an Afghanistan gebräichlech
- Iresche Kalenner – an esoteresche Kreesser nees am Gebrauch
- Islännesche Kalenner – net méi gebräichlech
- Malayalam-Kalenner – an Indie gebräichlech
- Maliye-Kalenner – am Osmanesche Räich gebräichleche Finanzkalenner, vun deem d'Joreszielung un den islamesche Moundkalenner ugepasst war
- Maya-Kalenner: Haab-Zyklus – a Mexiko an am Guatemala deelweis nees am Gebrauch
- Megalithesche Kalenner no enger Theorie vum Alexander Thom
- Nakaiiy-Kalenner – op de Maldive gebräichlech
- Orissa-Kalenner – an Indie gebräichlech
- Porhalaan-Kalenner oder Batak-Kalenner – op Sumatra gebräichlech
- Saka-Kalenner – een hinduistesche Kalenner mat Varianten an Indien an Indonesien
- Sikh-Kalenner oder Nanakschahi-Kalenner – an der Relioun vun de Sikhs gebräichlech
- Tamilesche Kalenner
- Tierkesche Kalenner – gouf benotzt, bis den Islam Anzoch an déi tierkesch Kultur geholl huet
- Zoroastresche Kalenner oder Parsesche Kalenner – an der parsescher Relioun gebräichlech
Lunisolarkalender
änneren- Attesche Kalenner
- Babylonesche Kalenner
- Buddhistesche Kalenner – a buddhistesche Gesellschafte gebräichlech
- Chantarakati-Kalenner – fir buddhistesch Fester an Thailand gebräichlech
- Chineesesche Kalenner – a China fir d'Bestëmmung vun traditionelle Fester ugewannt
- Germanesche Kalender oder Runen-Kalenner
- Hinduistesche Lunisolarkalenner
- Japanesche Lunisolarkalenner – duerch de Sonnekalenner ersat
- Jiddesche Kalenner – a jiddesche Gesellschafte gebräichlech
- Keltesche Kalenner – Kalenner vu Coligny
- Khmer-Kalenner
- Newar Sambat – am Nepal gebräichlech
- Réimesche Kalenner – mam Julianesche Kalenner ersat
- Tibetesche Kalenner oder Bot Gyalo
Aner Kalennersystemer
änneren- Loango-Kalenner – een op Mound- a Sirius-Zykle baséierte Kalenner beim westafrikanesche Vollek vun de Loango
- Maya-Kalenner: Tzolkin-Zyklus
- Pawukon-Kalenner – op Bali gebräichlech
Kalennerentwërf
änneren- 30x11-Kalenner
- Almanach vum Honnêtes Gens oder Maréchal-Kalenner
- C&T-Kalenner oder Common-Civil-Calendar-and-Time
- Darischer Kalenner
- Hermetic Lunar Week Calendar
- Internationalen Éiwege Kalenner och (Eastman-Plan oder Cotsworth-Plan)
- Kalenner vun de Göttinnen
- Liberalia Triday Calendar
- Meyer-Palmen Solilunar Calendar
- Positivisten-Kalenner oder Comte-Kalenner
- Sexagesimal-Kalenner
- Symmetry454-Kalenner
- Triangular-Kalenner
- Weltkalenner
- Aktualiséierte Weltkalenner
Kalennersystemer, déi bis elo net zougeuerdent konnte ginn
änneren- Griichesch Kalennersystemer – nëmmen den Attesche Kalenner konnt zougeuerdent ginn
- Indoneesesch Kalennersystemer
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Calendars – Biller, Videoen oder Audiodateien |