Villa Pauly
D'Villa Pauly ass den Numm vum Gebai op Nr 57, Boulevard de la Pétrusse, am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg. Si ass bekannt dofir, datt do an der Zäit vum Zweete Weltkrich d'Gestapo hire Sëtz hat. Zanter 2001 ass dodran de Centre de documentation et de recherche sur la Résistance.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Strooss | Boulevard de la Pétrusse |
Koordinaten | 49°36'22"N, 6°7'30"O |
Architekt(en) | Mathias Martin |
Datum vum Bau | 1923 |
Architektur
ännerenD'Gebai gouf 1923 am Optrag vum Chirurg Dr. Norbert Pauly an der Stad Lëtzebuerg gebaut, deen och am éischte Sous-sol seng Praxis bedriwwen huet. Architekt war de Mathias Martin.
Et ass an engem eklektesche Stil, mat architektoneschen Elementer aus dem Spéitmëttellalter resp. der Renaissance.
Geschicht
ännerenAm Zweete Weltkrich huet d'Gestapo d'Villa Pauly zu hirem Quartier général fir Lëtzebuerg gemaach.
An de Kellere vum Gebai goufen déi politesch Gefaange gefoltert a verhéiert, ier vill vun hinnen an de Prisong am Stadgronn, an duerno zu groussem Deel an aner Gefaangen- oder Konzentratiounslager koumen. Sou gouf d'Villa Pauly zum Symbol vun der Terrorherrschaft vum Naziregime zu Lëtzebuerg.
Tëscht 2000 an 3000 Lëtzebuerger goufen an der Villa Pauly verhéiert, vill vun hinnen och do gefoltert.[1]
Nom Krich huet de Staat d'Gebai vum Dr. Pauly, deen net méi an d'Gebai wollt zeréck wunne goen, ofkaaft. Duerno waren an der Villa eng Rëtsch Ministèren ënnerbruecht, dorënner, bis 1999, en Deel vum Gesondheetsministère.[1]
Den 11. August 1989 koum d'Gebai op d'Lëscht vun den Nationale Monumenter.[2] Zanter dem 23. Oktober 2001 ass d'Villa offiziell de Sëtz vum Comité directeur du souvenir de la Résistance a vum Dokumentatiounszentrum iwwer d'Resistenzbeweegungen zu Lëtzebuerg, dem Centre de documentation et de recherche sur la Résistance.[1]
Literatur
änneren- raz, 2012. Chronik: Vor elf Jahren. Villa Pauly wird zum Haus der Resistenz. Luxemburger Wort vum 23. Oktober 2012, S. 27.
- Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 6. Die Villa Pauly. S. 60-67, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
- Simone Weny, 2008. D'Villa Pauly. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 197-201. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1
Kuckt och
änneren- Fritz Hartmann, Gestapochef zu Lëtzebuerg vun 1941-1943
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Lëtzebuerg
Um Spaweck
ännerenCommons: Villa Pauly – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Wort vum 23.10.2012, S. 27.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).