Op den Inhalt sprangen

Wikimedia: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k r2.7.2) (Bot: Änneren: tr:Wikimedia Foundation
Linn 129: Linn 129:
[[te:వికీమీడియా ఫౌండేషన్]]
[[te:వికీమీడియా ఫౌండేషన్]]
[[th:วิกิมีเดีย]]
[[th:วิกิมีเดีย]]
[[tr:Wikimedia]]
[[tr:Wikimedia Foundation]]
[[uk:Фонд Вікімедіа]]
[[uk:Фонд Вікімедіа]]
[[ug:ۋىكىپېدىيە ۋەخپى]]
[[ug:ۋىكىپېدىيە ۋەخپى]]

Versioun vum 21:30, 21. Abr. 2012

Wikimedia Logo
Wikimedia Logo

D'Wikimedia Foundation Inc. ass d'Organisatioun déi sech ëm Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks, In Memoriam 9/11 an Nupedia këmmert. Wikimedia ass eng Association sans but lucratif déi ënnert d'Gesetz vum Bundesstaat Florida, USA fält. D'offiziell Existenz vun der Fondatioun gouf den 20. Juni 2003 vum Jimbo Wales bekannt ginn, de Cofondateur vu Wikipedia.

Ziler vun der Fondatioun

D'Fondatioun huet als Zil fir d'Gebuert an de Wuesstum vu Projeten ze ënnerstëtzen, déi fräit Wëssen nom WikiWiki Prinzip vermëttelen. Ausser der aktueller Enzyklopädie Wikipedia existéiert och een Dictionnaire- an Thesaurus-Projet (Wiktionary), eng Enzyklopädie mat Zitater (Wikiquote), an eng Lëscht vu Bicher déi sech haaptsächlech u Studente riicht (Wikibooks), haaptsächlech mat Wierker aus dem Domaine public.

D'Fondatioun geréiert och en Ensembel vun Artikelen a Gedenken un den 11. September. Schlussendlech geréiert d'Fondatioun och den Nupedia-Projet (wat keng Wiki ass, mee wou de Contenu trotzdem fräi ass). Am Moment ass dëse Projet allerdéngs e bessen op Äis geluecht.

D'Mataarbechter vu Wikipedia a vun deenen anere Projeten hoffen, datt duerch eng Fondatioun sans but lucratif an duerch noutwännesch Donen de Projet um Liewe ka gehal ginn.

Beim Bekanntgi vun der Grënnung vun der Fondatioun huet den Jimbo Wales och all Copyright, all Domain Numm un d'Fondatioun iwwerschriwwen. D'informatesch Infrastruktur gouf och vum Jimbo zur Verfügung gestallt.

De Conseil d'Administratioun

Am Januar 2004 huet den Jimbo Wales den Tim Shell an de Michael Davis als Membere vum Conseil d'Administration nominéiert. Am Juni goufen et Wale fir zwéi weider Memberen. Et goufen d'Angela Beesley an d'Florence Devouard gewielt, als Representanten vun alle Mataarbechter un de Wikimedia Projeten.

Et gouf schonn eng jett Diskussiounen iwwert d'Responsabilitéite vum Conseil d'Administration a si hunn e Cahier de charges opgestallt. Gouvernance Methoden no engem egalitäre Prinzip ginn envisagéiert.

Um Spaweck

Commons: Wikimedia Foundation – Biller, Videoen oder Audiodateien