Op den Inhalt sprangen

Gibraltar

Vu Wikipedia
Gibraltar

Fändel vu Gibraltar

Wope vu Gibraltar

Detailer

Detailer
National Devise: Nulli Expugnabilis Hosti
(Ka vu kengem Feind eruewert ginn)
Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: Gibraltar (Stadstaat)
Staatsform: Iwwerséiterritoire vu Groussbritannien
 • Kinnigin: Elizabeth II.
 • Regierungschef: Peter Caruana
Fläch: 6,5 km²
Bevëlkerung: 28 750
 • Bevëlkerungsdicht: 4 423/km²
Nationalfeierdag: 10. September
Zäitzon: UTC +1
Internationalen
Telefonsprefix
:
+350

Gibraltar ass ee britescht Iwwerséigebitt, bis 1981 als "Krounkolonie" bezeechent, op der iberescher Hallefinsel a gehéiert domat zum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland.

Geographie

Gibraltar mécht déi nërdlech Grenz vun der Strooss vu Gibraltar, an ass déi Plaz wou Europa an Afrika am nooste beienee leien.

Gibraltar huet eng Fläch vu 6,543 km² an d'Grenz mat Spuenien ass 1.200 Meter laang.

De Mieresterritoire geet bis op 3 Séimeile virun d'Küst.

Geschicht

Den alen Numm vum Fiels vu Gibraltar ass Calpe. Am Altertum huet e mat sengem nordafrikanesche Géigestéck Abyla déi sougenannt "Saile vum Herakles" gebilt (cf. Strooss vu Gibraltar). Um Wope vu Gibraltar steet de Motto "Montis Insignia Calpe", wat souvill heescht wéi "D'Symbol vum Bierg Calpe".

Den Hafe vu Gibraltar

Fotosalbum vu Gibraltar

Um Spaweck

Commons: Gibraltar – Biller, Videoen oder Audiodateien