Op den Inhalt sprangen

Jean Meyer

Vu Wikipedia

De Jean Meyer, gebuer de 16. Abrëll 1837 zu Iechternach, gestuerwen den 11. Januar 1917, war e lëtzebuergeschen Apdikter a Chemiker.

Hien huet op der Universitéit Heidelberg beim Erlenmeyer studéiert. Am November 1863 gouf hien zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss; am Januar 1866 huet déi éischt Apdikt zu Eech opgemaach. Hien huet och fir d'Eecher Schmelz geschafft, wou en Analyse gemaach huet. 1874 huet de Meyer seng Apdikt un de Pierre-Éloi Schoué verkaf, dee se spéider un de Xavier Perlia weiderverkaf huet.[1]

1878 huet de Jean Meyer an der Fachzeitung Iron en Artikel iwwert deen neie Procédé geliess, deen den Sidney Thomas a säi Konseng Percy G. Gilchrist entwéckelt haten, an deen et erlaabt, beim Bessemerprocédé de Phosphor bal ganz aus dem Goss erauszekréien, fir héichwäertege Stol ze maachen. Hie krut den Émile Metz iwwerzeegt, d'Lizenz fir Lëtzebuerg fir dee Procédé ze kafen.

De Jean Meyer war vun 1882-1897 Direkter vun der Diddelenger Schmelz, déi ganz nom neie Procédé Stol produzéiert huet.

Hie war Member vun der Société des sciences médicales. Hien huet sech awer och fir Botanik interesséiert a war Member vun der Société de botanique du grand-duché de Luxembourg. 1867 war hie "membre agrégé" vun der Société des sciences naturelles ginn, wou hien an der botanescher Spezialsektioun matgeschaft huet. 1871 ass hie Vizepresident vum Comité de botanique gi.

Hie war éischte Propriétaire vun der Villa Vauban.

Publikatiounen (Auswiel)

  • Beschreibung der im Großherzogthum Luxemburg vorkommenden Orchideen. B. Bück, Luxemburg 1864, 22 S.
  • Formules magistrales vétérinaires ordinairement employées dans le Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, Année 4(1867), [n° 3], S. 130-137.
  • Pepsinum. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, Année 4(1867), [n° 3], S. 138-144.

Literatur

  • Anonymus, 1998. Personnagen: Jean [Meyer].[2] Lëtzebuerger Journal 1998, No 73 (16. Apr.): 19.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag, S. 653-1342 (J. Meyer, S. 1067f.)
  • Liez, N. 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Avec une biographie du Docteur Félix Schaan. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S. (Jean Meyer: S. 91-92).
  • Massard, J.A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S. (J. Meyer, S. 218; mat weidere Literaturhiwäiser).

Referenzen

  1. A. Toelle: Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Großherzogtum Luxemburg. V. Buck, Luxemburg 1920, S. 16f.
  2. De Numm ass iertëmlercherweis “Mayer” geschriwwen.