Op den Inhalt sprangen

Dummeldeng

Vu Wikipedia
Dummeldeng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Dommeldange
de: Dommeldingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 2.819
  31. Dezember 2022
Fläch 235,55 ha
Héicht 408 m
Koordinaten 49° 38’ 06’’ N
      06° 08’ 16’’ O

Dummeldeng ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Norde vun der Haaptstad.

Dummeldeng huet zur fréierer Gemeng Eech gehéiert, bis déi den 1. Juli 1920 mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet[1]. Et ass zanterhier e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg.

Dummeldeng ass 235,55 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 235,55 a 408,00 m. De Quartier grenzt am Norden un d'Gemeng Walfer an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Gemenge Steesel an Nidderaanwen an d'Quartiere Weimeschkierch, Eech a Beggen.

Am südwestleche Wupp leeft d'Uelzecht a mécht d'Grenz mam Quartier Eech.

Ursprong vum Numm

[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Dummeldeng ass schonn am 13. Joerhonnert nogewisen. Dem Théodore de la Fontaine no geet en zeréck op d'Grouss Dommel ((de) Rohrdommel, Botaurus stellaris), e Vull dee sech sengerzäit masseg an de Lëtsche laanscht d'Uelzecht opgehalen huet.

Nach ier am Minett déi éischt Schmelz opgoung, ass zu Dummeldeng schonn Eise produzéiert ginn. Uganks vum 17. Joerhonnert krut de Jean de Ryaville d'Autorisatioun fir eng Schmelz ze bauen. Duerno hunn d'Schmelzhären Thomas Marchant an d'Famill Collart d'Schmelze bedriwwen.

1865 gouf eng nei Schmelz mat engem Héichuewen, laanscht d'Schinnen ënnen un der Uelzecht, gebaut.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dummeldenger Schmelz.

Laanscht d'Dummeldenger Baach, déi vun de Glasbuere bis an d'Uertschaft leeft, louchen an der Zäit net manner wéit sechs Millen: d'Schmelzmillen, d'Schëttermillen, d'Schlassmillen, d'Seemillen, d'Bannmillen an d'Ënneschtmillen.

Vun den 1950er bis uganks der 1980er gouf et südwestlech vum haitege Parc Hotel e Camping.

Um Enn vun den 1970er Joren ass um Dummeldenger Bierg e Wunnengsbauprojet realiséiert ginn, absënns fir Wunnengen ze schafen, fir europäesch Beamten déi an der Verwaltungen um Kierchbierg geschafft hunn. De Véierel ass haut nach ënnert dem Numm „Parc de l'Europe“ bekannt, als Referenz un d'Aktiegesellschaft déi sengerzäit den éischte Bauprojet presentéiert hat.

Enn 2015 hunn zu Dummeldeng 2.470 Leit gewunnt, dovu waren 29,27 % Lëtzebuerger a 70,73 % Auslänner. Op den 31. Dezember 2022 waren et 2.819 Leit. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 29,86 % géintiwwer 70,14 % Auslänner[2].

Dummeldenger no Nationalitéit (31. Dezember 2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 2 819 100,00
01 Lëtzebuerg 842 29,87
02 Frankräich 354 12,56
03 Portugal 222 7,88
04 Italien 151 5,36
05 Däitschland 133 4,72
06 Belsch 129 4,58
07 Spuenien 89 3,16
08 China 82 2,91
09 Griicheland 79 2,80
10 Vereenegt Kinnekräich 63 2,23
Top 10 2 144 76,06
Aner Nationalitéiten 675 23,94
D'Dummeldenger Barriär, déi bis 2027 mat engem Souterrain ersat soll ginn.

Op der Grenz mam Quartier Weimeschkierch am Oste leeft d'Nationalstrooss 11 (Lëtzebuerg - Iechternach) zanter den 1980er Joren iwwer den Dummeldenger Contournement. Virdrun ass d'Nationalstrooss vun der Eecher Klinick aus iwwer d'Iechternacher Strooss duerch de Quartier gelaf.

D'Dummeldenger Gare war fréier eng wichteg Gare op der Nordstreck. Wéi d'Dummeldenger Schmelz nach a Betrib war, ass d'Minett mat der Eisebunn op Dummeldeng komm an déi fäerdeg Stolproduite si vun hei aus uechter d'Land an an d'Ausland gefouert ginn. Hautdesdaags ass just nach Persouneverkéier op der Dummeldenger Gare.

D'Barriär PN. 13 direkt nieft der Gare ass wéinst dem staarken Zuchtrafic op der Streck relativ laang zou, wat mat sech bréngt, datt sech den Autostrafic am Duerf staut an doduerch d'Liewensqualitéit vun de Leit erofgeet. Aus deem Grond, an awer och aus Sécherheetsgrënn, ass virgesi fir de PN. 13 zouzemaachen a bis 2027 mat enger Ënnerféierung fir d'Foussgänger an d'Cyclisten ze ersetzen[3].

Dummeldeng gëtt och vun enger Rëtsch Buslinne vum AVL- an RGTR-Reseau ugefuer.

Commons: Dummeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[änneren | Quelltext änneren]
  1. Loi du 30 juin 1920 concernant la réunion de la commune d'Eich à la ville de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 21.05.2021.
  2. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.
  3. (fr)CFL, Suppression du passage à niveau n°13 à Dommeldange. transports.public.lu (07.02.2023). Gekuckt de(n) 16.02.2023.