Stäresystem
De Begrëff Stäresystem, beschreift eng gravitativ gebonnen Usammlung vu Matière op d'mannst an der Gréissenuerdnung vun engem Planéitesystem, an deem sengem Gravitatiounszentrum wéinstens ee Stär ass.
Detailer
[änneren | Quelltext änneren]Zwéin oder méi gravitativ gebonne Stären an noer Noperschaft (kuckt och Duebelstär), gi jee no Zuel vun de bedeelegte stellaren Objeten, Duebel-, Dräifach- oder Méifach-Stäresystem genannt. Meeschtens gëtt awer direkt dat spezifescht System genannt (z. B. d'Sonnesystem oder d'Alpha-Centauri-System).
D'Usammlung vun e puer honnert, dausend oder souguer Milliarde Stären an anerer interstellarer Matière, déi zwangsleefeg iwwer eng grouss Raumregioun verdeelt sinn, ginn och jee no Gréisst z. B. als „Stärekoup” oder als „Galaxie” bezeechent. Eis Galaxie, d'Mëllechstrooss, huet z. B. ronn 300 Milliarde Stären.