Alain Robbe-Grillet
Alain Robbe-Grillet | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alain Paul Robbe-Grillet |
Gebuer |
18. August 1922 Saint-Pierre-Quilbignon |
Gestuerwen |
18. Februar 2008 Caen |
Doudesursaach | Häerz-Kreeslafkrankheet |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Romancier, Lauschterbuchspriecher, Literaturkritiker, Essayist, Agraringenieur, Regisseur |
Member vun | Académie française |
Famill | |
Bestuet mat | Catherine Robbe-Grillet |
Den Alain Robbe-Grillet, gebuer den 18. August 1922 zu Brest (Finistère) a gestuerwen den 18. Februar 2008 zu Caen (Calvados) war e franséische Schrëftsteller a Filmregisseur. Hie gëllt als ee vun den Haaptleit vum Nouveau Roman.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Den Alain Robe-Grillet war e studéierten Agronom an huet am Ufank an deem Beräich geschafft. An den 1950er Joren huet hie sech ëmmer méi der Literatur konsakréiert. Säin éischte Roman war Les Gommes (1953). Hie gouf ee vun den Theoreetiker a Vertreider vum Nouveau Roman; 1963 koum seng Artikelserie Pour un Nouveau Roman am L'Express eraus.
De Robbe-Grillet huet d'Dréibuch vun L'Année dernière à Marienbad, dat den Alain Resnais 1961 verfilmt huet.
Seng Filmer haten dacks erotesch oder sado-masoschistesch Sujeten. Tëscht 1972 an 1997 huet en a verschiddenen Universitéiten an den USA an tëscht 1980 an 1988 op der ULB zu Bréissel Soziologie a Literatur enseignéiert.
2004 gouf en an d'Académie française gewielt, ass awer ni dohi gaangen, well en dee ganze Pomp als vereelzt fonnt huet. Seng Fra war d'Schrëftstellerin Catherine Robbe-Grillet.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Romaner
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
|
Novell
[änneren | Quelltext änneren]- Instantanés (1962)
Essayen
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
Autobiographesch Fiktioun
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
|
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 1962: L'immortelle, mam Françoise Brion, Jacques Doniol-Valcroze a Guido Celano
- 1966: Trans-Europ-Express, mam Jean-Louis Trintignant, Marie-France Pisier an Daniel Emilfork
- 1968: L'homme qui ment, mam Jean-Louis Trintignant, Sylvie Bréal an Ivan Mistrík
- 1971: L'Eden et après, mam Catherine Jourdan, Pierre Zimmer a Lorraine Rainer
- 1974: Glissements progressifs du plaisir, mam Anicée Alvina, Olga Georges-Picot a Michael Lonsdale
- 1975: Le jeu avec le feu, mam Jean-Louis Trintignant, Philippe Noiret a Sylvia Kristel
- 1983: La belle captive, mam Daniel Mesguich, Cyrielle Clair an Arielle Dombasle
- 1995: Un bruit qui rend fou, mam Fred Ward an Arielle Dombasle
- 2007: C'est Gradiva qui vous appelle, mam James Wilby an Arielle Dombasle
als Dréibuchauteur (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1962: L'année dernière à Marienbad, vum Alain Resnais mam Delphine Seyrig, Giorgio Albertazzi a Sacha Pitoëff
Präisser
[änneren | Quelltext änneren]- 1955: Prix des Critiques fir de Roman Le Voyeur.
- 1962: Louis-Delluc Präis fir de Film L'Immortelle.