Karl Malden
Karl Malden | |
---|---|
Gebuer |
22. Mäerz 1912 Chicago |
Gestuerwen |
1. Juli 2009 Brentwood |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | USA, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Stella Adler Studio of Acting |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur, Schauspiller |
De Karl Malden, gebuer den 12. Mäerz 1912 zu Chicago als Mladen George Sekulovich (Serbesch: Младен Ђорђе Секуловић), a gestuerwen den 1. Juli 2009 zu Brentwood bei Los Angeles war en US-amerikanesche Schauspiller.[1][2]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Karl Malden ass den eelste Jong vun enger Tschechin an engem Serb.[2] Hien ass bis e fënnef Joer al war a senger Gebuertsstad Chicago an duerno zu Gary am US-Staat Indiana opgewuess.[1]
Éier de Karl Malden 1933 op der Goodman Theatre Dramatic School zu Chicago Schauspillunterrecht geholl huet, war hie Schmelzaarbechter, an engem Heichuewebetrib, wou hie mat Aarbechten déi mat groussem Risiko verbonne waren, vill Sue verdéngt hat.
Säin Numm huet hien Enn der 1930er Joren, op e Rot vum Elia Kazan geännert.[1]
Seng Holliwoodcarrière huet hien an zwéi Klassiker ugefaangen. Fir eng Nieweroll am Film A Streetcar Named Desire, an deem hien de scheie Mitch spillt, deen an d'Südstaatlerin Blanche Dubois verléift ass, krut hien en Oscar. Am Film On the Waterfront, spillt hien e Paschtouer, deen e jonke Boxer a sengen Aktioune géint korrupt Gewerkschaftsbosser ënnerstëtzt. An den zwéi Filmer hat den Elia Kazan d'Regie, an dem Malden säi Partner war de Marlon Brando.
Hien huet ë. a. a Broadway-Theaterstécker, a Western, Spionagefilmer a Musicale matgespillt. Mat seng bekanntst Roll war déi vum Läitnant Mike Stone zesumme mam Michael Douglas (Inspekter Heller), an der Televisiounsserie The Streets of San Francisco.
Säi leschten Optrëtt hat de Karl Malden am Joer 2000 an der US-Serie West Wing déi den deeglechen Oflaf vum Liewe vun engem fiktive President am Wäissen Haus weist, an där hien e Paschtouer spillt.
De Karl Malden, dee vun 1938 u mat der Schauspillerin Mona Graham bestuet war, huet a 70 Filmer matgespillt, a war vun 1989] bis 1992 President vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Regisseur (Kino)
[änneren | Quelltext änneren]- 1957: Time Limit, mam Richard Widmark a Richard Basehart
- 1958: The Hanging Tree, vum Delmer Daves a Karl Malden mam Gary Cooper a Maria Schell
als Schauspiller (Kino)
[änneren | Quelltext änneren]vun 1940 bis 1949
[änneren | Quelltext änneren]- 1940: They Knew What They Wanted, vum Garson Kanin mam Carole Lombard an Charles Laughton
- 1944: Winged Victory, vum George Cukor mam Jeanne Crain an Edmond O'Brien
- 1947: 13 Rue Madeleine, vum Henry Hathaway mam James Cagney an Annabella
- 1947: Boomerang!, vum Elia Kazan mam Dana Andrews an Jane Wyatt
- 1947: Kiss of Death, vum Henry Hathaway mam Victor Mature a Richard Widmark
vun 1950 bis 1959
[änneren | Quelltext änneren]- 1950: Where the Sidewalk Ends, vum Otto Preminger mam Dana Andrews an Gene Tierney
- 1950: The Gunfighter, vum Henry King mam Gregory Peck
- 1951: Halls of Montezuma, vum Lewis Milestone mam Richard Widmark aN Jack Palance
- 1951: A Streetcar Named Desire, vum Elia Kazan mam Vivien Leigh a Marlon Brando
- 1952: The Sellout, vum Gerald Mayer mam Walter Pidgeon aN John Hodiak
- 1952: Diplomatic Courier, vum Henry Hathaway mam Tyrone Power a Patricia Neal
- 1952: Operation Secret, vum Lewis Seiler mam Cornel Wilde a Steve Cochran
- 1953: Ruby Gentry, vum King Vidor mam Jennifer Jones an Charlton Heston
- 1953: I Confess, vum Alfred Hitchcock mam Montgomery Clift an Anne Baxter
- 1953: Take the High Ground, vum Richard Brooks mam Richard Widmark an Elaine Stewart
- 1954: Phantom of the Rue Morgue, vum Roy Del Ruth mam Claude Dauphin a Patricia Medina
- 1954: On the Waterfront, vum Elia Kazan mam Marlon Brando aN Lee J. Cobb
- 1956: Baby Doll, vum Elia Kazan mam Carroll Baker an Eli Wallach
- 1957: Fear Strikes Out, vum Robert Mulligan mam Anthony Perkins
- 1957: Time Limit, vum Karl Malden mam Richard Widmark a Richard Basehart
- 1957: Bombers B-52, vum Gordon Douglas mam Natalie Wood an Efrem Zimbalist Jr.
- 1958: The Hanging Tree, vum Delmer Daves a Karl Malden mam Gary Cooper a Maria Schell
vun 1960 bis 1969
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Pollyanna, vum David Swift mam Hayley Mills an Jane Wyman
- 1961: The Great Impostor, vum Robert Mulligan mam Tony Curtis an Edmond O'Brien
- 1961: One-Eyed Jacks, vum Marlon Brando mam Marlon Brando a Katy Jurado
- 1961: How the West Was Won, vum John Ford, Henry Hathaway an George Marshall mam Carroll Baker, Henry Fonda, Gregory Peck, Debbie Reynolds an James Stewart
- 1961: Parrish, vum Delmer Daves mam Troy Donahue a Connie Stevens
- 1962: All Fall Down, vum John Frankenheimer mam Eva Marie Saint a Warren Beatty
- 1962: Birdman of Alcatraz, vum John Frankenheimer, mam Burt Lancaster an Telly Savalas
- 1962: Gypsy, vum Mervyn LeRoy mam Rosalind Russell an Natalie Wood
- 1963: Come Fly with Me, vum Henry Levin mam Dolores Hart a Karlheinz Böhm
- 1964: Cheyenne Autumn, vum John Ford mam Richard Widmark, Carroll Baker, Sal Mineo an Dolores del Rio
- 1964: Dead Ringer, vum Paul Henreid mam Bette Davis a Peter Lawford
- 1965: The Cincinnati Kid, vum Norman Jewison mam Steve McQueen, Ann-Margret an Tuesday Weld
- 1966: Nevada Smith, vum Henry Hathaway mam Steve McQueen
- 1966: Murderers' Row, vum Henry Levin mam Dean Martin an Ann-Margret
- 1967: Hotel, vum Richard Quine mam Rod Taylor a Catherine Spaak
- 1967: The Adventures of Bullwhip Griffin, vum James Neilson mam Roddy McDowall a Suzanne Pleshette
- 1967: Billion Dollar Brain, vum Ken Russell mam Michael Caine a Françoise Dorléac
- 1968: Blue, vum Silvio Narizzano mam Terence Stamp an Joanna Pettet
- 1968: Hot Millions, vum Eric Till mam Peter Ustinov a Maggie Smith
vun 1970 bis 1979
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: Patton, vum Franklin J. Schaffner mam George C. Scott
- 1971: Il gatto a nove code, vum Dario Argento mam James Franciscus a Catherine Spaak
- 1971: Wild Rovers, vum Blake Edwards mam William Holden a Ryan O'Neal
- 1972: Un verano para matar, vum Antonio Isasi mam Olivia Hussey, Christopher Mitchum a Claudine Auger
- 1979: Meteor, vum Ronald Neame mam Sean Connery an Natalie Wood
- 1979: Beyond the Poseidon Adventure, vum Irwin Allen mam Michael Caine a Sally Field
vun 1980 bis 1987
[änneren | Quelltext änneren]- 1982: Twilight Time, vum Goran Paskaljevic mam Jodi Thelen
- 1983: The Sting II, vum Jeremy Kagan mam Jackie Gleason an Oliver Reed
- 1986: Billy Galvin, vum John Gray mam Lenny von Dohlen an Joyce Van Patten
- 1987: Nuts, vum Martin Ritt mam Barbra Streisand a Richard Dreyfuss
als Schauspiller (TV)
[änneren | Quelltext änneren]- 1949: The Ford Theatre Hour, Episod: Little Women (TV-Serie)
- 1950: Armstrong Circle Theatre, Episod: Anything But Love (TV-Serie)
- 1952: Celanese Theatre, Episod: The Animal Kingdom (TV-Serie)
- 1972-1977: The Streets of San Francisco, (120 Episoden) (TV-Serie)
- 1977: Captains Courageous, vum Harvey Hart
- 1980: Skag, (6 Episoden) (TV-Serie)
- 1981: Miracle on Ice, vum Steven Hilliard Stern
- 1981: Word of Honor, vum Mel Damski
- 1984: With Intent to Kill, vum Mike Robe mam Paul Sorvino a Shirley Knight
- 1984: Fatal Vision, vum David Greene mam Eva Marie Saint a Barry Newman
- 1988: My Father, My Son, vum Jeff Bleckner mam Keith Carradine
- 1989: The Hijacking of the Achille Lauro, vum Robert L. Collins mam Lee Grant a Vera Miles
- 1990: Call Me Anna, vum Gilbert Cates mam Patty Duke
- 1991: Absolute Strangers, vum Gilbert Cates mam Henry Winkler a Patty Duke
- 1992: Back to the Streets of San Francisco, vum Mel Damski mam Debrah Farentino
- 1993:They've Taken Our Children: The Chowchilla Kidnapping , vum Vern Gillum mam Julie Harris
- 2000: The West Wing, Episod: Take This Sabbath Day (TV-Serie)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Karl Malden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 LA Times: From the Archives: Karl Malden dies at 97; Oscar-winning actor (2. Juli 2009)
- ↑ 2,0 2,1 BBC: Hollywood actor Karl Malden dies (2. Juli 2009)