Mil Jung
Ausgesinn
Mil Jung | |
---|---|
Gebuer | 21. Juni 1946 |
Gestuerwen | 12. Februar 2023 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Leefer |
Famill | |
Geschwëster | André Jung |
Den Emile "Mil" Jung, gebuer den 21. Juni 1946, a gestuerwen den 12. Februar 2023[1], war e lëtzebuergesche Liichtathleet a Staatsbeamten.
Berufflech war hien ë. a. héije Conseiller am Educatiounsministère a bis 1997 Direkter vum Service Information et Presse vum Staatsministère.[2]
Als Leefer huet hien 1969 de Landesrekord iwwer 400 Meter mat 47,4 Sekonnen opgestallt, deen iwwer säin Doud eraus ongeschloe blouf. Hie war och eelef Joer laang President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme (FLA).
Hie war de Brudder vum André Jung.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Pierre Gricius: "Ein Leben wie ein 400-Meter-Lauf." Noruff op wort.lu, 17.02.2023.
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 16. Februar 2023, S. 26
- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: "De Mil Jung ass e Sonndeg gestuerwen." rtl.lu, 13.02.2023.