Coldplay
Coldplay ass eng englesch Pop-Rock-Grupp, déi zanter Mëtt der 2000er Joren zu de Bands mam gréisste Succès op der Welt zielt.
Coldplay | |
---|---|
Museksgenre | Alternative Rock, Pop-Rock, Popmusek |
Land | Vereenegt Kinnekräich |
Grënnung | 1997 |
Websäit | https://www.coldplay.com/ |
Memberen |
Chris Martin (Gesank, Gittar, Piano) Jonny Buckland (Lead-Gittar) Will Champion (Batterie) Guy Berryman (Bass) |
Coldplay hunn iwwer 100 Milliounen Albume verkaaft[1] a vill Musekspräisser gewonnen, dorënner 9 Brit Awards, 7 MTV Video Music Awards, 8 MTV Europe Music Awards a 7 Grammy Awards. (Stand: November 2021)
Geschicht
ännerenDe Martin, de Berryman, de Buckland an de Champion hu sech als Studenten am University College London kennegeléiert an hunn am September 1996 d'Grupp Coldplay gegrënnt. De Martin huet antik Geschicht studéiert, de Berryman fir d'éischt Ingenieurswëssenschaften a spéider Architektur, de Buckland Mathematik an Astronomie an de Champion Anthropologie.
Den éischten Album Parachutes gouf direkt e kommerzielle Succés. Parachutes war fir de Mercury Präis (2000) nominéiert an huet 2001 e Grammy gewonnen. Den Album gouf international méi wéi 8 Millioune Mol verkaaft.
Den zweeten Album A Rush of Blood to the Head hat méi rockeg Elementer a war och méi intellektuell wéi den Debutalbum. E war och kommerziell méi erfollegräich a konnt d'Kritiker iwwerzeegen. Dësen Album krut zwéi Grammyen: Een an der Kategorie "Best Alternative Album" an een als "Best Song" fir In my Place. E war Nummer 1 an den däitschen a britteschen Charts. An den USA war e Nummer 5. Vun dësem Album goufen iwwer 12 Millioune verkaaft.
Mat X&Y, dem drëtte Studiosalbum, konnte Coldplay un den Erfolleg vun den éischten zwéin Albumen uknäppen. Mat 8,3 Millioune war e weltwäit dee meeschtverkaaften Album 2005. Mee och d'éischt Single Speed of Sound aus dësem Album war weltwäit e groussen Hit. Coldplay konnte sech domat an den Top-Ten vun den US-amerikanesche Billboard-Charts an an den Top 20 an Däitschland placéieren an hunn den "MTV Europe Music Award" 2005 an der Kategorie Best Song fir Speed of Sound gewonnen. An dem Album X&Y ass och d'Lidd Talk ze fannen, dat vum Lidd Computer Love (Computerliebe) vu Kraftwerk inspiréiert gouf.
Den 2. Juli 2005 hu Coldplay beim Live 8-Konzert zu London gespillt. Ausser hiren eegene Lidder In My Place a Fix You hu se zesumme mam Richard Ashcroft Bitter Sweet Symphony vun The Verve gespillt.
De 26. Mäerz 2007 koum eng Best-Of-Kompilation eraus.
Fir de véierten Album Viva la Vida or Death and All His Friends war de Brian Eno Koproduzent. E koum am Juni 2008 eraus an ass dee mat deem d'Band bis ewell dee gréisste Succès hat. E war a ville Länner op Plaz 1 vun den Album-Charts an och d'Single Viva la Vida gouf Nummer 1 a Groussbritanneien an an den USA.
Och déi fënnef Studiosalbumen, déi duerno koumen, vun Mylo Xyloto (2011) bis Music of the Spheres (2021), hunn et bis op déi éischt Plaz vun de brittesche Musekscharts gepackt. Si hunn an där Zäit och eng Rei international Hitsingele produzéiert, dorënner Paradise (2011), A Sky Full of Stars (2014), Adventure of a Lifetime (2015), Hymn for the Weekend (2016) a Something Just like This (2017).
Discographie
ännerenStudiosalbumen
änneren- 2000: Parachutes
- 2002: A Rush of Blood to the Head
- 2005: X&Y
- 2008: Viva la Vida or Death and All His Friends
- 2011: Mylo Xyloto
- 2014: Ghost Stories
- 2015: A Head Full of Dreams
- 2019: Everyday Life
- 2021: Music of the Spheres
- 2024: Moon Music
Singles (Auswiel)
änneren- 2000: Yellow
- 2000: Trouble
- 2002: In My Place
- 2002: The Scientist
- 2003: Clocks
- 2003: Speed of Sound
- 2005: Fix You
- 2006: Talk
- 2008: Violet Hill
- 2008: Viva la Vida
- 2011: Every Teardrop Is a Waterfall
- 2011: Paradise
- 2012: Princess of China (mam Rihanna)
- 2014: Magic
- 2014: A Sky Full of Stars
- 2015: Adventure of a Lifetime
- 2016: Hymn for the Weekend
- 2017: Something Just Like This
- 2021: My Universe (mat BTS)
Literatur
änneren- Martin Roach: Coldplay. Nobody Said It Was Easy. London 2003, ISBN 0-7119-9810-8.
- Alex Hannaford: Coldplay. 2006, ISBN 3-89602-714-X.
- Gary Spivack: Coldplay: Look at the Stars. 2004, ISBN 0-7434-9196-3.
- Stephen Davis: Coldplay: In Our Words. 2004, ISBN 0-316-72861-6.
Um Spaweck
ännerenCommons: Coldplay – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ British Phonographic Industry (BPI): Multi million-selling music icons Coldplay confirmed for BRITs (4. Mee 2021)