Montana
Montana | |||||
| |||||
Spëtznumm: Big Sky Country The Treasure State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Helena | ||||
Gréisst Stad: | Billings | ||||
Gouverneur: | Greg Gianforte | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 4. Plaz 380.800 km² 1 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 44. Plaz 1.084.225 (2020)[1] 2,86/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 8. November 1889 (41ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-7/-6 |
Geographie a Bevëlkerung
ännerenMontana deelt sech eng 877 km laang Grenz mat dräi kanadesche Provënzen: British Columbia, Alberta, a Saskatchewan. Donieft grenzt et am Osten un North Dakota a South Dakota, am Süden u Wyoming an am Westen a Südwesten un Idaho.
Obwuel Montana de véiertgréisste vu 50 US-Bundestaaten ass huet en nëmmen eng ganz kleng Bevëlkerung. Nëmmen zwéin aner Staate si manner besidelt. 2015 gouf geschat, datt e bësse méi wéi eng Millioun Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 89,2 % als wäiss Amerikaner, 6,6 % als Indianer, 3,6 % als Hispanic/Latino, 0,8 % als asiatesch an 0,6 % als Afroamerikaner identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie
ännerenD'Ekonomie vu Montana baséiert op der Landwirtschaft. Aner wichteg Secteure sinn d'Fërdere vu fossille Ressourcen (Pëtroll, Gas, Kuelen...) an Tourismus.
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 46.766 US-Dollar pro Stot a 25.977 USD op de Kapp[1].
Biller
änneren-
Saint Mary Lake
-
Bisonen an der National Bison Range
-
Collage mat Gebaier vun der gréisster Stad, Billings
-
E Skigebitt
-
De State Capitol an der Haaptstad Helena
Um Spaweck
ännerenCommons: Montana – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Montana