Op den Inhalt sprangen

(951) Gaspra

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) 951 Gaspra)
(951) Gaspra
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,2097 A.E.
Exzentrizitéit 0,1793
Sideresch Ëmlafzäit 3,285 Joer
Mëttel Bunnvitess 18,19 km/s
Inklinatioun 13,7307 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 9 × 12 × 11 km
Mass 10, kg
Rotatiounsperiod 7,042 h
Absolut Hellegkeet 11,496M
Spektralklass S-Typ
Entdeckung
Entdecker Grigoriy Nikolaevich Neujmin
Entdeckungsdatum 30. Juli 1916
Plaz Observatoire vu Simejis
Aner Bezeechnungen 1916 S, 1955 SM, A913 YA


De (951) Gaspra ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 30. Juli 1916 vum russeschen Astronom Grigori Nikolajewitsch Neuimin entdeckt gouf. Den Asteroid gouf no der Uertschaft Haspra op der ukrainescher Hallefinsel Krim, an där de russesche Schrëftsteller Leo Tolstoi laang Zäit gelieft huet, genannt.

De Gaspra beweegt sech an engem Ofstand vun 1,8256 (Perihel) bis 2,5939 (Aphel) astronomesch Eenheeten, an 3,285 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 4,1016° géint d'Ekliptik gebéit, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,1739.

De Gaspra gouf den 29. Oktober 1991 vun der Raumsond Galileo (benannt nom Galileo Galilei) bei engem Fluch laanscht den Himmelskierper (engl. near-fly by) bei enger Distanz vu 16.200 km vermooss a fotograféiert.

Domat war d'Galileo-Missioun déi éischt vun hirer Zort, déi duerch hiert Manöver Informatiounen iwwer en Asteroid gesammelt huet.

Et huet sech gewisen, datt de Gaspra en onreegelméisseg geformten Asteroid mat Ofmiessunge vun 19 × 12 × 11 Kilometer ass. Seng Uewerfläch ass mat sëllegen Aschlagkratereren iwwerséit. Duerch d'Moosse vun der Gréisst a Verdeelung vun de Krater gëtt de Gaspras op 200 Millioune Joer geschat. Dat ass, gemooss un de 4,5 Milliarde Joer vum Sonnesystem, e zimmlech jonk. De Gaspra däerft sou e Brochstéck vun engem méi groussen Urspronkskierper sinn, dee virun 200 Millioune Joer bei enger Kollisioun auserneegerappt gouf.

D'Mass vum Gaspra gouf op 1015 kg bestëmmt. D'Rotatiounsperiod ass 7 Stonnen an 3 Minutten. Wéinst senger Uewerflächebeschafenheet gëtt den Asteroid der Spektralklass S zougeschriwwen.

Portal Astronomie