Bassenge
Bassenge | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Awunner | 8.986 (1. Januar 2018) |
Fläch | 3.817 |
Koordinaten |
50° 45’ 26’’ N 05° 36’ 40’’ O |
Telefonszon | 04 |
Postcode | 4690 |
Websäit | http://www.bassenge.be |
Bassenge (wa.: Bassindje, li.: Batsinge) ass eng Gemeng an der Provënz Léck an der Belsch.
Et ass eng vun den zwou nërdlechste Gemengen an der Provënz Léck op der Grenz mat der Provënz Limburg.
Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Bassenge, Boirs, Ében-Émael, Glons, Roclenge-sur-Geer a Wonck.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ongeféier d'Hallschent vum haitege Bassenge, a Roclenge gouf am Ufank vum 12. Joerhonnert vun engem gewësse Witikind der Abtei Saint-Jacques vu Léck geschenkt, déi vum Bëschof Baldéric, Bouf vum Grof Louis vu Looz gegrënnt gi war. Bassenge huet bis 1963 zum Arrondissement Tongeren an der Provënz Limburg gehéiert.
No der belscher Gemengereform vun 1977 krut d'Gemeng en neie Wopen deen den 31. August 2000 vum Gengerot ugeholl gouf, an duerch den Arrêté exécutif vum 15.7.2003 autorisiéiert gouf. D'Biller am Wope stamen aus dem Sigel vun der fréierer Gemeng Roclenge, an d'Faarf ass déi vum Chapitre de Saint-Jacques.
Beschreiwung am Originaltext:
D'Azur à un dextrochère mouvant du flanc senestre et tenant une crosse abbatiale, le crosseron tourné à dextre, ladite cross adextrée d'une fleur de lis épanouie et senestrée de deux étoiles à six rais, le tout d'or.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Kierch Saint-Remy zu Roclenge sur Geer
-
De Steebroch vu Marnebel
-
Den Albertkanal
-
D'Place de Brus zu Gons
-
D'Kierch Saint-Pierre zu Bassenge
-
"Kleng-Lourdes" zu Bassenge
-
D'Tour d'Eben-Ezer, e Musée
-
Sall am Fort Eben Emael, enger Festung aus dem 20. Joerhonnert
-
De Haff Saint-Laurent zu Bassenge
-
D'Saint-Lambert-Kierch zu Wonck
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bassenge – Biller, Videoen oder Audiodateien |