Op den Inhalt sprangen

Belsche Frang

Vu Wikipedia
200 Belsch Frang mam Adolphe Sax

De Belsche Frang, war vun 1832 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vun der Belsch. E gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems d'Belsch der Eurozon bäigetruede war. Opgrond vun de Bestëmmunge vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun war en och zu Lëtzebuerg am Ëmlaf. Hien huet eng Geschicht vun 170 Joer.

Geschicht vum Belsche Frang

[änneren | Quelltext änneren]
5 Belsche Frang aus der Period vun der Union Latine, 1869. Leopold II.

Hei puer wichteg Eckdaten aus der Geschicht vum Belsche Frang:

  • 1832: Gesetz, duerch dat de Belsche Frang definéiert gouf.
  • 1850: Schafung vun der Banque Nationale de Belgique
  • 1865: D'Union Latine entsteet.
  • 1873: D'Geldschäiner vun der Banque nationale kréien e gesetzleche Cours.
  • 1914: D'Convertibilitéit vun de Billjeeë gëtt opgehuewen.
  • 1921: Den Traité vun der Union Economique Belgo-Luxembourgeoise gëtt ofgeschloss.
  • 1925: D'Belsch kënnegt de Vertrag vun der Union latine.
  • 1926: Stabilisatioun vum Belsche Frang op 1/7 vu sengem Vierkrichswäert; Schafung vun enger neier Unité de compte, dëm Belga, a Rétablissement vun der Convertibilitéit vun de Billjeeën.
  • 1935: Dévaluatiounn ëm 28 % vum Belsche Frang.
  • 1940: Suspensioun vun der Convertibilitéit vun de Billjeeën.
  • 1944: Schafung vum Wärungssystem vu Bretton Woods, deen op de Gold Exchange Standard opgebaut ass.
  • 1971: Suspensioun vun der Convertibilitéit vum USA-Dollar a Gold.
  • 1972: Schafung vun der Europäescher Wärungsschlang.
  • 1979: Kreatioun vum Europäesche Wärungssystem (EWS).
  • 1982: Ofwäertung ëm 8 % vum Belschen a Lëtzebuerger Frang am (EWS).
  • 1988: Nei Definitioun vum legale Statut vum Frang.
  • 1990: De Frang gëtt un déi däitsch Mark ugekoppelt.
  • 1999: Drëtt Etapp vun der Europäecher Wirtschafts- a Monetärunioun, Aféierung vum Euro als Buchwärung.
  • 2002: Den Euro gëtt a Form vu Billjeeën a Mënzen an Ëmlaf gesat; Enn vum Belsche Frang.

D'Emissiounsinstitut, d'Belsch Nationalbank

[änneren | Quelltext änneren]

Den Iwwergang zum Euro

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Belsche Frang – Biller, Videoen oder Audiodateien