Eta
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Buschtaf Eta. Fir d'Ofkierzung mam selwechten Numm, kuckt wgl. ETA. |
Den Eta (griicheschen Neutrum, Majuskel Η, Minuskel η) ass de 7. Buschtaf vum Griicheschen Alphabet an huet nom mileseschem Prinzip en numeresche Wäert vun 8.
Urspronk
[änneren | Quelltext änneren]D'H-Zeeche gouf fir d'éischt als „heta“ iwwerholl a spéider zum „eta“ verännert. Well elo fir de Laut „H“ en Zeeche gefeelt huet, gouf de Buschtaf „H“ an der Mëtt vertikal getrennt an déi béid Hallschente gebraucht.
Am haitege Griicheschen gëtt Eta wéi i ausgeschwat.
Eta am Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]- An der Analys gëtt de klengen Eta gär als „Partner“ zum laténgesche klengen Y gebraucht, z. B. .
- An der Elementardeelchephysik bezeechent de klengen Eta den η-Meson.
- An der Héichenergiephysik bezeechent de klengen Eta d'Pseudorapiditéit, eng Koordinat an Experimenter mat héichenergeteschen Deelchestralen.
- An der Stréimungsléier bezeechent de klengen Eta (η) d'dynamesch Viskositéit.
- Am technesche Beräich steet de klengen Eta (η) fir de Wierkungsgrad.
- An der Vollekswirtschaftsléier steet de klengen Eta (η) fir Elastizitéit.
- An der Geotechnik (Bauingenieurswiesen) steet de klengen Eta (η) fir de globale Sécherheetsbäiwäert.
- Am Seegelfluch steet de klengen Eta (η) fir d'Gleitzuel.
- An der Meteorologie steet de klengen Eta (η) fir d'absolut Vorticity.
- An der Mathematik ginn zwou verschidden Funktiounen als Eta-Funktioun bezeechent: d'Eta-Funktioun vum Dirichlet an d'Eta-Funktioun vum Dedekind