Libra (Stärebild)
Date vum Stärebild Libra | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Wo |
Laténgeschen Numm | Libra |
Laténgesche Geenitiv | Librae |
Laténgesch Ofkierzung | Lib |
Rektaszensioun | 14h 21m bis 16h 02m |
Deklinatioun | 0° 30´ bis -30° 00’ |
Fläch | 538 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 60° Nord bis 90° Süd |
Beschten Observatiounzäitraum | Spéitfréijoer, Summer |
Stäre mat Gréisst < 3 |
2 |
Hellste Stär, Gréisst |
β Librae (Zuben-el-schemali) 2,61 |
Meteorstréim | |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Serpens |
D'Libra (lb: Wo) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Libra (Wo) ass e wéineg markant Stärebild tëscht dem Scorpius (Skorpioun) an der Virgo (Jongfra, Joffer). Zwéi vun de Stäre si méi grouss wéi 3. Gréissteklass.
D'Libra läit op der Ekliptik, soudatt Sonn, Äerdmound an d'Planéiten duerch si doduerch zéien. Si gehéiert sou zu den Déierekreeszeechen. Allerdéngs huet sech opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer der Antiquitéit verännert. D'Sonn hält sech vum 30. Oktober bis den 23. November an der „Wo“ op.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Libra gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der Antiquitéit, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen. Den haitegen Numm Libra gouf ëm 100 n. Chr. vun de Réimer agefouert. Fir si huet Stärebild d'Sënnbild vun der Gerechtegkeet duergestallt.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
β | 27 | Zuben-el-schemali (Zubeneschemali) | 2,61m | 120 | B8 V |
α2 | 9 | Zuben-el-dschenubi (Zubenelgenubi) | 2,75m | 77 | A3 |
σ | 20 | Brachium, Cornu | 3,29m | 292 | M3 III |
υ | 3,60m | ||||
θ | 39 | 3,6m | 120 | K4 III | |
τ | 40 | 3,66m | 400 | B3 V | |
γ | 38 | Zuben-el-Akrab | 3,91m | 152 | G8 IV |
16 | 4,47m | ||||
ι | 4,54m | ||||
37 | 4,61m | ||||
κ | 4,71m | ||||
δ | 13 | Zuben-el-Akribi | 4,9 bis 5,9m | 304 | B9 V |
ε | 4,92m | ||||
11 | 4,93m | ||||
48 | 4,95m | ||||
42 | 4,97m | ||||
λ | 5,04m | ||||
36 | 5,13m | ||||
α1 | 5,13m | ||||
ν | 21 | 5,19m | |||
12 | 5,27m | ||||
μ | 7 | 5,32m | 250 | A1 + A5 | |
41 | 5,36m | ||||
η | 5,41m | ||||
49 | 5,47m | ||||
ξ2 | 5,48m | ||||
ζ | 5,53m | ||||
50 | 5,53m | ||||
32 | 5,64m | ||||
4 | 5,70m | ||||
ξ1 | 5,78m | ||||
34 | 5,82m | ||||
18 | 5,88m | ||||
47 | 5,95m |
β Librae ass 120 Liichtjoer vun eis ewech an huet ee bloe Stär vun der Spektralklass B8 V.
Den Numm Zuben-el-schemali ass arabesch a bedeit „nërdlech Schéier“ (vum Skorpioun).
292 Liichtjoer ewech läit de Stär σ Librae (Brachium). Et ass e roudelzege Stär mat der Spektralklass M4 III.
Den γ Librae ass 152 Liichtjoer ewech. Den arabeschen Numm Zuben-el-Akrab bedeit „Schéier vum Skorpioun“.
Objet | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 2,8 /5,2m | 231" |
ι | 4,7/9,7m | 8,5" |
μ | 5,7m/6,6m | 2,0" |
Den α Librae ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vu 77 Liichtjoer. Opgrond vum wäite Wénkelofstand vun 231 Bousekonne kënne si gutt gesi ginn. D'System läit bal genee op der Ekliptik, dofir gëtt et reegelméisseg vum Mound bedekt (Stärebedeckung).
Den arabeschen Numm Zuben-el-dschenubi bedeit „südlech Schéier“.
D'Duebelstäresystem ι Librae ass omheféier 250 Liichtjoer vun eis ewech.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
δ | 4,9 bis 5,9m | 2,327 Deeg | Bedeckungsverännerlechen |
Den δ Librae ass 304 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol. Seng Hellegkeet verännert sech reegelméisseg mat enger Period vun 2,327 Deeg.
Messier- an NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
5897 | 8,6m | Kugelstärekoup |
An der Wo steet op enger Distanz vu 45.000 Liichtjoer e Kugelstärekoup mat der Bezeechnung NGC 5897.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Libra (Stärebild) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) https://web.archive.org/web/20070408193201/http://astronomie.de/bibliothek/artikel/sternbilder/waage.htm (Stärekaart)
- (de) https://web.archive.org/web/20060523131610/http://deepsky.astroinfo.org/Sco/m4/ (Biller vum Skorpioun an der Wo)
- (de) https://web.archive.org/web/20070217080218/http://www.cortesi.ch/Wissen/wi_waage.htm (D'Déierkreeszeeche Wo)