Nordesch Mythologie
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Nordesch Mythologie ass de Sammelbegrëff fir all d'Mythen aus der virchrëschtlecher Zäit aus Skandinavien.
An der nordescher Mythologie gouf et keen eenheetleche reliéise System, weeder gouf eng Instanz déi de Glawe festgeluecht huet, nach eng streng Glawensform. D'Mythe goufen éischter als Iwwerbau fir verschidde Kultforme benotzt.
Et gëtt aus där Zäit ganz wéineg schrëftlech Iwwerliwwerungen, déi meescht stamen dann och nach aus réimescher oder chrëschtlecher Hand a sinn dowéinst net neutral.