Palais Stoclet
Land | Belsch |
---|---|
Gemeng | Woluwe-Saint-Pierre - Sint-Pieters-Woluwe |
Strooss | avenue de Tervueren - Tervurenlaan |
Koordinaten | 50°50'6,4"N, 4°24'58,3"O |
Fläch | 0,86 ha |
Statut | Weltierwen |
Datum vum Bau | 1905 |
Opgaangen | 1911 |
De Palais Stoclet (nl.: Stocletpaleis) ass eng Villa an der Avenue de Tervuren an der Bréisseler Gemeng Woluwe-Saint-Pierre. E gouf tëscht 1905 an 1911 no de Pläng vum éisträicheschen Architekt Josef Hoffmann fir de President vun der Société générale de Belgique, Adolphe Stoclet, gebaut.
Den Hoffmann war Member vun der Wiener Sezessioun. Hien hat en onbegrenzte Budget a fräi Hand, dee Stadpalais z'entwerfen. Vun him entworf ass net nëmmen d'Architektur, mä och de Gaart, an zum Deel d'Bannendekoratioun, bis hin zu de Klänschen an de Iess-Couverten. Fir de Rescht vun de Géigestänn an Dekoratiounen huet e Membere vun der Wiener Werkstätte chargéiert, an ë. a. och de Gustav Klimt, deen e Mosaik an der Salle-à-manger entworf huet (e fréien Entworf vun Der Kuss), an de Fernand Khnopff.
Achitektonesch gräift d'Haus, dat um Héichpunkt vum Jugendstil gebaut gouf, senger Zäit viraus; seng geometresch Formen erënneren un Art Deco a Kubismus, déi eréischt Joren duerno verbreet goufen.
De Palais Stoclet war vun Ufank un als e Gesamtkonschtwierk konzipéiert. 1976 koum en ënner Denkmalschutz an 2004 gouf de Gaart als geschützte Landschaft klasséiert. Wéi nom Doud vun der leschter Awunnerin vum Haus, der Schnauer vum Alphonse Stoclet, 2002, gefaart gouf, d'Miwwelen an d'Dekoratiounsgéigestänn kéinte vun den Ierwe verkaf ginn, goufen och dës 2006 klasséiert.
De Palais ass nach ëmmer a Privatbesëtz an ass net zougänglech.
Am Juni 2009 gouf e vun der UNESCO als Weltierwe klasséiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Palais Stoclet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) De Palais Stoclet op der Websäit vun der Art Nouveau Society