Op den Inhalt sprangen

Portugiseschen Escudo

Vu Wikipedia

De Portugiseschen Escudo (PTE) war vum 26. Mee 1911 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vu Portugal. Si gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems Portugal der Eurozon bäigetruede war.

1 Escudo war an 100 Centavos ënnerdeelt. Centavos heescht op Lëtzebuergesch Cent.

De Portugiseschen Escudo gouf nom ausruffen vun der Republik de 26. Mee 1911 als Wärung agefouert. De Portugiseschen Escudo huet déi zanter 1411 gëllener Wärung, der Portugisescher Real ofgeléist.

"Escudos" heescht op Lëtzebuergesch Schëld.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 200,482 PTE fixéiert.

Bild Nennwäert Metall Duerchmiesser
(mm)
Gewiicht
(g)
1 Escudo Cu+Al+Ni 16,00 1,70
5 Escudos Cu+Al+Ni 21,00 5,30
10 Escudos Cu+Al+Ni 24,00 7,40
20 Escudos Cu+Ni 26,00 6,80
50 Escudos Cu+Ni 31,00 9,40
100 Escudos Cu+Ni Cu+Al+Ni 25,00 8,40
200 Escudos Cu+Al+Ni Cu+Ni 28,00 9,90

Commons: Portugiseschen Escudo – Biller, Videoen oder Audiodateien