Quett Masire
Quett Masire | |
---|---|
Gebuer |
23. Juli 1925 Kanye |
Gestuerwen |
22. Juni 2017 Gaborone |
Nationalitéit | Botswana |
Aktivitéit | Politiker, Lycéesprofesser |
Famill | |
Bestuet mat | Gladys Olebile Masire |
Kanner | Mmasekgoa Masire-Mwamba |
De Quett Ketumile Joni Masire, GCMG, gebuer den 23. Juli 1925 zu Kanye am deemolege Bechuanaland, a gestuerwen den 22. Juni 2017 zu Gaborone, am Botswana, war tëscht 1980 an 1998 den zweete Staatspresident vum Botswana.
Hie war Enseignant am Secondaire vu Beruff. De Masire war ee vun den Haaptleit an der Befreiungsbeweegung a sengem Land, 1961 huet hien d'Botswana Democratic Party (BDP) matgegrënnt a war hiren éischte Generalsekretär. 1965 gouf hien an d'Parlament vum frësch onofhängege Staat gewielt a gouf 1966 Vizepresident vum Land ënnert dem President Seretse Khama. Hie war aussereem Minister fir Finanzen a Landesplanung. Nom Khama sengem Doud gouf hien den 18 Juli 1980 vum Parlament zum neie President gewielt.
Säin Nofollger gouf den deemolege Vizepresident Festus Mogae.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Quett Masire – Biller, Videoen oder Audiodateien |