Op den Inhalt sprangen

Regolith

Vu Wikipedia
D'Uewerfläch vum Marsmound Deimos, NASA-Foto aus enger Héicht vun 30 km. De Marsmound ass mat Regolith bedeckt.

Regolith (algriichesch:regma = Broch a lithos = Steen) ass an der Geomorphologie eng Couche aus zerbréckeltem Material, déi sech duerch cheemesch a physikalesch Aflëss iwwer dem festen Ausgangsmaterial, dat drënner läit, gebilt huet. An der Definitioun gëtt et Ënnerscheeder. Munnech Fuerscher bezéien de Saprolith nach mat an, aner maachen et net. Och eventuell méi jonk geologesch Couchen déi driwwer leien, ginn zum Regolith gerechent.

De Begrëff gëtt net nëmme fir sou geologesch Couchen op der Äerd gebraucht, mä och fir déi an éischter Linn physikalesch zerfale Sedimenter op der Uewerfläch vun aneren Himmelskierper (z. B. Moundregolith oder Marsregolith).

Bei klengen Asteroide gëtt ugeholl, datt hire "Regolith" virun allem duerch Akkretioun entstanen ass, dat heescht, duerch d'"Opsammelen" vu Matière bei Kollisioune mat klenger Vitess. Sou ee Kierper gëtt och als "akkretionäre Megaregolith" (accretionary megaregolith) bezeechent. Méiglecherweis representéiert hien e fréie Stadium an der Planéitenentwécklung, dat och déi grouss Gestengsplanéite vum Sonnesystem, inklusiv eis Äerd, fréier duerchlaf hunn. En akkretionäre Regolith huet weeder mat dem ierdesche Regolith nach mam Äerdmound oder Mars geneetesch eppes ze dinn. Et handelt sech ëm primäert Material, dat duerch déi niddreg Schwéierkraaft vum Kierper ni enger Kompaktioun, Opschmëlzung an Differenziatioun ënnerworf war.

  • Frank Ahnert: Einführung in die Geomorphologie. 3. aktualiséiert an verbessert Oplo. 477 S., Eugen Ulmer Verlag, Stuttgart 2003 ISBN 3-8001-2813-6.
  • Kevin R. Housen: Regoliths on small bodies in the Solar System. In: Annual Review of Earth and Planetary Sciences. Bd. 10, 1982, S. 355–376, doi:10.1146/annurev.ea.10.050182.002035 (alternative Volltextzougrëff: ResearchGate)
  • Lucy-Ann McFadden, Paul Weissman, Torrence V. Johnson (Hrsg.): Encyclopedia of the Solar System. 2. Oplo. Associated Press·Elsevier, San Diego (CA)/ London/ Amsterdam 2007, ISBN 978-0-12-088589-3.

Portal Astronomie