Steiff
Steiff ass de Markennumm vun der Margarete Steiff GmbH zu Giengen an der Brenz, engem Hiersteller dee weltwäit Spillgezei verkeeft, virun allem vun Teddybieren a Plüschdéieren.
Produkter
[änneren | Quelltext änneren]Haaptprodukter vun der Entreprise si Plüschdéieren. Bis Enn vun den 1970er Jore goufen och Spillgezei aus Holz gemaach, souwéi Heeween oder Draachen. Hire bekanntsten Draach war een Eeléngtendraach, de Roloplan. An de leschte Jore goufe massiv och Kannerkleeder produzéiert. Besonnesch Markenzeeche sinn d'Fändelen an d'Knäpp um Ouer. Eelert Steiff-Spillgezei si gesicht Kollektiounsobjete ginn a kënnen deier verkaaft ginn.
D'Markenzeeche vun de Steiffdéieren ass dacks e metallene Knapp am Ouer, deen 1904 vum Franz Steiff erfonnt gouf, e Fändel, souwéi e Schëld op der Broscht. Am Laf vun der Zäit hu sech de Knapp an de Fändel dacks verännert, soudatt Kenner mat Hëllef vun dëse Charakteristiken d'Kreatiounszäit vun engem Plüschdéier genee erausfanne kënnen.
2008 gouf e Bierchen nom Ofbild vum Karl Lagerfeld kreéiert.[1]
Nom EuG-Urteel zu Lëtzebuerg) de 16. Januar 2014 kann de Fabrikant Steiff keen europawäite Schutz vum Markenzeechen „Knopf im Ohr“ méi froen (Az. T-433/12 an T-434/12).[2] Domat kënnen och aner Produzenten déi Markéierung verwennen. D'Geriicht huet als Grond uginn, datt et dem Markenzeechen un Ënnerscheedungskraaft feelt, well Knäpp a Schëlter „gängeg Presentatiounselementer“ fir Stoffdéiere sinn. Dat heescht, wa just e Knapp mat engem Fämdel un engem Plüschdéier hänkt, kann de Verbraucher schlecht erkennen ob et e Produkt vun der Firma Steiff ass.
-
Den „Elefäntle“
-
Roloplan-Draach
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1877 mécht Margarete Steiff an hirem Heemechtuert e Filzkonfektiounsbuttek op, an deem si selwer gebitzt Gezei a Stotsartikele verkeeft. Am Laf vun de Joren entwéckelt sech doraus eng kleng Entreprise mat méi fest agestallte Néieschen. Kuerz drop (1880) gëtt d'Margarete Steiff GmbH gegrënnt, an där och dat éischt Spilldéier mat mëll Textiller entwéckelt gëtt. Mat Hëllef vu Schabloune vun enger Moudenzäitschrëft kreéiert Margarete Steiff e klengen Elefant aus Filz. Dësen „Elefäntle“ ass en Nolestëppeler dee bannent kuerzer Zäit déck beléift war als Kannerspillsaach.
Dat éischt Fabrécksgebai gëtt 1890 an der Mühlstraße gebaut, an där och d'Wunneng vun der Margarete ass. Den illustréierte Steiff-Katalog kënnt kuerz drop am Joer 1892 eraus, fir de Clienten en Iwwerbléck vun hire Sortimenter ze verschafen. Ee Joer méi spéit presentéiert sech d'Firma zu Leipzig fir d'éischt Kéier an engem Salon. D'Firma gëtt als Spillgezeifabréck am Handelsregëster ageschriwwen. Scho fréi (1895) ginn auslännesch Geschäftsbezéiungen zu Harrods a London opgeholl.
De Richard Steiff, den Neveu vun der Margarete, trëtt 1897 an d'Entreprise an. Hien entwéckelt 1902 e Spillbier aus zottelegem Mohairpelz mam Numm "Bär 55PB". D'Ofkierzung steet fir 55 cm am Stoen, P fir Plüsch a B fir beweeglech. Am Mäerz vum nächste Joer gëtt de Bier fir d'éischt Kéier op der Leipziger Frühjahrsmesse virgestallt. Am Ufank hält sech den Intressi vun de Visiteuren nach a Grenzen mä géint den Enn vun der Foire huet sech en amerikanesche Keefer dofir begeeschter an huet dunn 3000 Biere bestellt. Schonn ee Joer méi spéit verkeeft Steiff schonn 12.000 Stéck dovun. Wéinst dem amerikanesche President Theodore Roosevelt kritt den nummlose Bier säi bis haut nach bekannten Numm Teddy. En hat refuséiert bei engem Juegdausfluch, en ugebonnene Bier z'erschéissen. E gëtt opgrond vun dësem Virfall vum Karikaturist Clifford K. Berryman an der Washington Post ëmmer mat engem Bier representéiert. Dat ass fir den Teddybieren déi bescht Reklamm, sou wéi der Mark Steiff déi dowéinst e weltwäite Bekanntheetsstatus kritt. Am selwechte Joer gëtt den Ostbau an enger Stolkonstruktion aus Duebelglas gebaut. Méi spéit gi weider Gebaier an där Aart gebaut déi haut ënner Monumenteschutz stinn.
De Franz Steiff entwéckelt 1904 dat bis Ufank 2014 geschützt Markenzeechen „Knopf im Ohr“ fir d'Steiff-Déiere viru Plagiat ze schützen. Op deem Knapp ass fir d'éischt en Elefant ze gesinn, dee gëtt awer mat de Joren duerch d'Schrëft „Steiff“ ersat. D'Margarete Steiff GmbH gëtt 1906 an d'Liewe geruff an ee Joer méi spéit ass s'ënner der Leedung vun de fënnef Neveue vun der Margarete. An deem Joer produzéieren déi 400 Mataarbechter an 1.800 Heemaarbechter 1.700.000 Spillartikele souwéi 973.999 Teddybieren.
Margarete Steiff stierft den 9. Mai 1909 am Alter vun 61 Joer un de Follge vun enger Longenentzündung. D'Entreprise gëtt an hirem Sënn weidergefouert an d'Spillsaachen- a Plüschdéieresortiment weider vergréissert. Bekannt Beispiller aus dem historesche Steiff-Sortiment:
- De Fluchdraach Roloplan (1909)
- Den Teddy Clown (1926)
- D'Comicfigur Mecki an den Teddy Zotty (1951)
- Den Teddybier Jackie zum 50. Gebuertsdag vum Teddy (1953)
- Kuschelteddy Petsy (1984)
Nom Schluss vum Zweete Weltkrich probéiert de Betrib en Neistart. 1948 beschäftegt et bal 1.000 Mataarbechter. Fënnef Joer méi spéit ginn et der duebel sou vill. Den Design vun de Plüschbiere gëtt geännert, si developpéiere sech ëmmer weider zu engem drolege Bierekand. Steiff mécht 1980 fir d'Steiff-Amateure Repliken a limitéierter Unzuel. Zum 100-järegen Firmenanniversaire gëtt de Steiff-Museum zu Giengen opgemaach. D'Entreprise forméiert 1992 de Steiff-Club fir Amateuren a Sammler.
Zum 150. Gebuertsdag vun der Grënnerin Margarete Steiff gëtt am Joer 1997 den éischte Steiff-Festival fir Amateuren a Sammler organiséiert. Am Februar 1999 gëtt déi éischt Steiff-Galerie zu Hamburg opgemaach. Den 100. Gebuertsdag vum Teddybier gëtt mat der Welturopféierung vum Musical „Teddy- ein musikalischer Traum“ vun Uli Brée zu Giengen gefeiert. D'Gebuertshaus vu Margarete Steiff kann 2003 vun der Ëffentlechkeet 2003 besicht ginn.
Wéinst dem 125-järege Firmejubiläum gëtt 2005 „Die Welt von Steiff“ opgemaach. Ee Joer méi spéit gëtt de „Steiff Sommer“ fir d'Mataarbechter a Frënn vun der Margarete Steiff GmbH organiséiert. Am Kader vum véierte „Steiff Sommer“ gëtt 2009 den Teddybierspidol a -spa opgemaach, wou Steiff-Déiere gefléckt ginn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Katalog Steiff Sortiment 1947–2003, ISBN 3-9804712-4-1 (ebenfalls erschienen im Jahr 1995 und 1999)
- Katalog Steiff Sortiment 1897–1943, ISBN 3-9804712-3-3
- Günther Pfeiffer, 125 Jahre Steiff Firmengeschichte (ISBN 3-89880-387-2)
- Jürgen und Marianne Cieslik, Steiff-Teddybären, ISBN 3-921844-39-8
- Rolf und Christel Pistorius, Mecki, Zotty und ihre Freunde, ISBN 3-87463-223-7
- Edith und Johan Koskinen, Steiff-Preisführer 1998/1999, ISBN 3-921844-54-1
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Steiff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Margarete Steiff GmbH
- Ausstellung zu Neuwied: Die Welt von Steiff im Wandel der Zeit
- Weider Informatiounen a Biller am Bäitrag Steiffs Tierleben op Monumente Online