T Tauri
Numm | T Tauri |
Stärebild: | Taurus (Tau)
|
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 04h 21m 59.434s |
Deklinatioun | + 19° 32' 06.43" |
visuell Magnitude | + 9,81 mag |
Spektralklass: | K0 IIIe |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (23,9 ± 1,5) km/s |
Parallax | (5,48 ± 1,58) mas |
Distanz | (590 ± 170) Lj |
Absolut Hellegkeet | +3,50 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Aner Bezeechnungen | |
Bonner Duerchmusterung | BD +19° 706 |
Henry-Draper-Katalog | HD 284419 |
Hipparcos-Katalog | HIP 20390 |
Tycho-Katalog | TYC 1272/470/1 |
Den T Tauri (kuerz: T Tau) ass e verännerleche Stär am Stärebild Taurus. Et ass de Prototyp vun den T-Tauri-Stären.
Den T Tauri gouf am Joer 1852 vum John Russell Hind entdeckt. Vun der Äerd aus gesinn erschéngt den T Tauri tëscht de Stäre vum Oppene Stärekoup vun den Hyaden, net wäit vum ε Tauri, ass awer a Wierklechkeet mat ongeféier 580 Liichtoer däitlech méi wäit ewech. Den „T“ am Numm follegt de Reegele vun der Benennung vu verännerleche Stären a seet, datt den T Tauri den drëtte verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Taurus entdeckt gouf. Seng visuell Magnitude variéiert zäitlech onreegelméisseg tëscht 9,3 an 13,5 mag.[1]
Wéi all T-Tauri-Stären ass den T Tauri selwer och jonk, nëmmen e puer Millioune Joer al. Hie steet a Verbindung mat dem Reflexiounsniwwel NGC 1554-1555 (Hindschen Niwwel, vdB 28), dee seng Hellegkeet opfälleg variéiert.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Rainer Köhler: T Tauri – der junge Dreifachstern. Ein untypischer Prototyp. In: Sterne und Weltraum. Jg. 49, Nr. 6, 2010, ISSN 0039-1263, S. 38–46 (PDF; 2,0 MB).