Theta
Ausgesinn
Den Theta (griichesche Neutrum, Majuskel Θ, Minuskel θ oder ϑ) ass den 8. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numeresche Wäert vun 9.
De Buschtaf gëtt wéi e schaarfen th aus der englescher Sprooch ausgeschwat.
Theta am Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]- An der Physik
- ass de klengen Theta θ d'Zeeche fir Temperatur.
- ass de klengen Theta θ d'Zeeche fir de Verdréiwénkel
- ass de groussen Theta Θ d'Zeeche fir d'magnéitesch Duerchflutung souwéi fir den Inertiemoment.
- De Kontaktwénkel bei Phasegrenzen.
- An der Meteorologie
- ass de klengen Theta d'Zeeche fir d'potentiell Temperatur.
- An der Mathematik
- ass de klengen Theta d'Koordinat vum Azimutwénkel an de sphäresche Polarkoordinaten.
- ass de klengen Theta d'Zeeche fir de Wénkel vun enger Fläch.
- ass de groussen Theta ee vun de Landau-Symboler.
- ginn e puer Funktiounen als Theta-Funktioun bezeechent.
- An der Neurologie/Neuropsychologie
- bezeechent de klengen Theta θ eng bestëmmt Frequenz am Elektroenzephalogramm (EEG).
- An der Vollekswirtschaftsléier
- bezeechent de klengen Theta de Reservesaz, deen e Finanzinstitut wéinst gesetzleche Grondlagen hale muss.
- An der Populatiounsgenetik
- bezeechent de klengen Theta d'geneetesch Differenzéierung tëscht Populatiounen (analog zu Wrights FST).
- An der Podologie
- bezeechent de groussen Theta de volumetresche Waassergehalt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Theta – Biller, Videoen oder Audiodateien |