Viktor und Viktoria (1933)
Ausgesinn
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Däitschland |
Produktiounsjoer | 1933 |
Première | 1933 |
Dauer | 100 min |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Originalsprooch | Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Reinhold Schünzel |
Dréibuch | Reinhold Schünzel |
Fotografie | Konstantin Irmen-Tschet |
Musek | Franz Doelle |
Schnëtt | Arnfried Heyne |
Produzent | Eduard Kubat |
Produktiouns- gesellschaft | Universum Film AG |
Schauspiller | |
Renate Müller als Susanne Lohr Hermann Thimig als Victor Hempel Adolf Wohlbrück als Robert Fritz Odemar als Douglas Friedel Pisetta als Lilian Hilde Hildebrand als Ellinor | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Viktor und Viktoria ass en däitsche Musekfilm aus dem Joer 1933.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Schauspiller Victor Hempel trëtt fir iwwer d'Ronnen ze kommen als Travestiekünstler a klenge Lokalen op. Hie beschwätzt déi jonk Schauspillerin Susanne Lohr sech als Mann auszeginn, wéi hien een Dag duerch Krankheet net kann optrieden. Duerch de Succès dee si beim hirem Optrëtt hat, ass elo Susanne forcéiert sech am Alldag als Mann ze verkleeden an op der Bün als Fra opzetrieden.
Franséisch Versioun
[änneren | Quelltext änneren]Zur selwechter Zäit ass och eng franséisch Versioun vum Film gedréint ginn, mam Numm:
- Georges et Georgette
- Regie: Reinhold Schünzel a Roger Le Bon
- Haaptrollen: Meg Lemonnier, Julien Carette an Adolf Wohlbrück
Weider Verfilmungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1935 First a Girl vum Victor Saville
- 1957 Viktor und Viktoria (1957) vum Karl Anton
- 1982 Victor/Victoria vum Blake Edwards