25. Abrëll
Datum
<< | Abrëll | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | |||||
2024 |
De 25. Abrëll ass den 115. Dag (116. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1792: De Rouget de l'Isle schreift e Lidd wat spéider d'Marseillaise gouf.
- 1859: Éischte Spuetstéch fir de Bau vum Suezkanal duerch de Ferdinand de Lesseps.
- 1945: Zu Torgau op der Elbe feiere sowjetesch an US-amerikanesch Zaldoten hiert Zesummekommen an Däitschland.
- 1953: De Francis Crick an den James Watson publizéieren hir Entdeckung vun der Duebelhelixstruktur vun der DNA.
- 1974: D'Oeillets-Revolutioun bréngt d'Militärdiktatur a Portugal un en Enn.
- 1982: Israel gëtt d'Sinai-Hallefinsel un Egypten zeréck.
Lëtzebuerg
änneren- 1937: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 3:2 géint Italien. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp, Emile Everard a Léon Mart geschoss.[1]
- 2008: Aweiung vum neien Haaptterminal A um Fluchhafe Lëtzebuerg.
Gebuer
änneren-
Oliver Cromwell
-
Guglielmo Marconi
-
Ella Fitzgerald
-
Jean Carmet
-
Albert Uderzo
-
Al Pacino
- 1599: Oliver Cromwell, Lord Protector vun England, Schottland an Irland.
- 1827: Jean-Antoine Zinnen, Lëtzebuerger Komponist (Ons Heemecht).
- 1866: Paul O. Husting, US-Senateur vu lëtzebuergescher Ofstamung.
- 1869: Joseph Sax, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1874: Guglielmo Marconi, italieenesche Radiopionéier, Entreprener an Nobelpräisdréier.
- 1884: Jean-Baptiste Dortignacq, franséische Vëlossportler an Tour de France-Fuerer.
- 1898: Félix Welter, lëtzebuergesche Jurist.
- 1907: Kirsten Heiberg, norwegesch Schauspillerin a Sängerin.
- 1915: Jean Chevrier, franséische Schauspiller.
- 1918: Gérard de Vaucouleurs, franséisch-amerikaneschen Astronom.
- 1918: Ella Fitzgerald, US-amerikanesch Jazz-Sängerin.
- 1920: Jean Carmet, franséische Schauspiller.
- 1923: Anita Björk, schweedesch Schauspillerin.
- 1927: Albert Uderzo, franséische Comic-Zeechner.
- 1927: Rosemarie Fendel, däitsch Schauspillerin a Synchronspriecherin.
- 1930: Paul Mazursky, US-amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmproduzent.
- 1932: Johny Jaminet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1933: Marina Malfatti, italieenesch Schauspillerin.
- 1935: Philip James Edwin Peebles, kanadeschen Astrophysiker.
- 1940: Al Pacino, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur a Produzent.
- 1940: Michèle Frank, lëtzebuergesch Molerin a Schrëftstellerin.
- 1941: Bertrand Tavernier, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1946: Peter Sutherland, iresche Politiker.
- 1958: Luis Guillermo Solís, costa-ricaneschen Historiker a Politiker.
- 1961: Juha Sipilä, finnesche Politiker.
- 1981: Felipe Massa, brasilianeschen F1-Pilot.
- 1996: Claudia Veloso, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Gestuerwen
änneren- 1124: Bruno vu Lauffen, Äerzbëschof vun Tréier.
- 1595: Torquato Tasso, italieeneschen Dichter.
- 1744: Anders Celsius, schweedeschen Astronom, Mathematiker a Physiker.
- 1792: Nicolas Jacques Pelletier, éischte Mënsch deen a Frankräich op der Guillotine higeriicht gouf.
- 1868: Jacques Missy, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Professer.
- 1888: Alphonse de Prémorel, Grondbesëtzer zu Déifferdeng.
- 1913: Henri Kirpach, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1921: Wilhelm Hülsemann, kathoulesche Geeschtlechen an Auteur.
- 1929: Jean-Pierre Ecker, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 1944: George Herriman, US-amerikanesche Karikaturist a Comic-Zeechner.
- 1960: August Kopff, däitschen Astronom.
- 1967: Victor Wilhelm, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1971: Erich Engels, däitsche Filmregisseur.
- 1972: George Sanders, brittesche Schauspiller.
- 1976: Carol Reed, brittesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 1984: Maurice Sevenig, lëtzebuergesche Jurist.
- 1990: Dexter Gordon, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 1995: Ginger Rogers, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1996: Robert Kayser, lëtzebuergeschen Offizéier.
- 2003: Lynn Chadwick, brittesche Sculpteur.
- 2004: Carl Melles, éisträicheschen Dirigent.
- 2011: Winrich Behr, däitsche Panzerkommandant am Zweete Weltkrich.
- 2016: Martin Gray, franco-amerikaneschen Auteur.
- 2018: Michael Anderson, brittesche Filmregisseur.
- 2023: Harry Belafonte, US-amerikanesche Sänger, Schauspiller, Entertainer a Biergerrechter.
Feierdeeg
änneren- Portugal: Dia da Liberdade
Um Spaweck
ännerenCommons: 25. Abrëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |