Lydie Polfer
D'Lydie Catherine Polfer gebuer den 22. November 1952 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (DP). Si ass zanter 2013 Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg (fir d'éischt 1982 bis 1999) an zanter 2009 Deputéiert an der Chamber (fir d'éischt 1979 bis 1984).
Lydie Polfer | |
---|---|
Gebuertsnumm | Lydie Catherine Polfer |
Gebuer |
22. November 1952 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Affekot |
Partei | Demokratesch Partei |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
Famill | |
Bestuet mat | Hubert Wurth |
Papp | Camille Polfer |
Biographie
änneren1972, no hirer Première am Lycée Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg, goung d'Lydie Polfer op Grenoble, fir Droit ze studéieren. Se huet hire Studium 1976 mat enger Maîtrise ofgeschloss, an do d'selwecht Joer och en Diplom an Europarecht gemaach.
1979 huet se sech decidéiert, an d'Politik ze goen. Si gouf, op der DP-Lëscht, an d'Chamber gewielt an ass duer 1984, 1989, 1994 an 1999 erëmgewielt ginn. Tëscht 1984 a 1994 huet s'op hiert Mandat als Deputéiert an der Chamber verzicht, fir Deputéiert vum Europäesche Parlament ze ginn, fir dat s'och op der Wielerlëscht stoung.
1994 gouf si Presidentin vun der Demokratescher Partei (DP) a blouf dat bis 2004.
Tëscht 1982 an 1999 war d'Lydie Polfer Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, wou si d'Nofolleg vun hirem Papp dem Camille Polfer gemaach huet.
Vum August 1999 bis Juli 2004 war si Vizepremierministesch, Ausseministesch a Ministesch fir Verwaltung a Verwaltungsreform an der Regierung Juncker-Polfer.
Vun 2004 bis 2009 war si nees Member vum Europäesche Parlament.
Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009, deene vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018 an deene vum 8. Oktober 2023[1] gouf si all Kéier an d'Chamber erëmgewielt.
De 17. Dezember 2013 gouf si op en Neits als Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg vereedegt, nodeem de Xavier Bettel Premierminister an der Regierung Bettel-Schneider gi war[2]. Si blouf dat och no de Gemengewale vum 8. Oktober 2017[3] an deene vum 11. Juni 2023[4].
Privatliewen
ännerenD'Lydie Polfer huet eng erwuessen Duechter a wunnt an der Stad Lëtzebuerg.
Auszeechnungen (Auswiel)
änneren- Grand Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2000)[5]
- Grand Officier de l'Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau[6]
- Commandeur de la Légion d'honneur[6]
- Chevalier vum Ordine al Merito della Repubblica Italiana (Promotioun 2003)[7]
- Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[8].
Quellen
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Lydie Polfer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Camille Polfer |
Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg 1982 - 1999 |
Nofollger: Paul Helminger |
Virgänger: Xavier Bettel |
Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg 2013 - |
Nofollger: |
Referenzen
änneren- ↑ (fr)Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ "Lydie Polfer als nei Stater Buergermeeschtesch vereedegt." RTL.lu - 17.12.2013, 16:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2013, 16:48.
- ↑ "7 Buergermeeschteren hunn den Eed ofgeluecht,
- ↑ (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
- ↑ Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn
- ↑ 6,0 6,1 Portrait vun der Lydie Polfer op der Websäit vun der DP Archivéiert de(n) 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-02.
- ↑ Offiziell Websäit vum Quirinal
- ↑ Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten