Meteor (griich. metéoros (μετέωρος), bedeit: „an der Loft“) sinn am weidere Sënn lokal, sporadesch Liichterscheinungen um Himmel an un der Äerduewerfläch.

Am enke Sënn ginn domat Meteoroiden, meeschtens Stëbs- oder Stengstécker aus dem interplanetare Raum bezeechent, déi aus dem Weltraum an d'Atmosphär vun der Äerd andréngen an do duerch Loftreiwung Liichtspuere maachen an dobäi verdämpen.

D'Meteorologie befaasst sech mat der Observatioun an der Beschreiwung vum Wiederoflaf an der Äerdatmosphär an och mat de Liichterscheinungen déi domat an Zesummenhank stinn, déi zum Deel och als Meteore bezeechent ginn (kuckt ënnen).

Stäreschnäizen a Feierkugelen

änneren
 
Meteorstroum

De gréissten Deel vun de Meteoren huet en interplanetaren Urspronk; nëmme ganz wéineg kommen aus dem interstellare Raum op d'Äerd.

Am Volleksmond gi kleng Meteoren och Stärschnäize genannt. Hir Urspronksobjeten hunn en Duerchmiesser ëm 1 mm. Méi grouss Objeten (>10 mm) heesche Boliden, Feierkugel oder Feierball.

Zousätzlech ënnerscheet een teleskopesch Meteoren, déi net méi mat bloussem A ze gesi sinn.

Bezeechnung Duerchmiesser
vum Urspronkskierper
Mass Mass vun allen Objeten
déi d'Äerd all Dag treffen
Feierkugelen, Boliden méi grouss wéi 10 mm méi wéi 2 g 1 t
Stäreschnäizen
(-4mag bis +6mag)
1 mm bis 10 mm 2 mg bis 2 g 5 t
Teleskopesch Meteoren 0,1 mm bis 1 mm 0,002 mg bis 2 mg 20 t
Mikrometeoren méi kleng wéi 0,1 mm manner wéi 0,002 mg 1000 t bis 10.000 t

Déi meescht Meteorerscheinungen daueren nëmme Sekonnebrochdeeler a gi vun Deelercher fabrizéiert, déi manner wéi e Millimeter grouss sinn an am Allgemenge mat 30 bis 70 Kilometer pro Sekonn op d'Äerdatmosphär treffen. Si vergléien dobäi vollstänneg. Meteoride mat der Gréisst vun engem Räiskär liwwere schonn androcksvoll Liichterscheinunge mat enger Dauer >1 s.

Méi rar sinn dogéint gréisser Objete vu mindestens e puer Kilogramm Mass, déi ënner Ëmstänn net vollstänneg vergléien an als Meteorit op d'Äerduewerfläch optreffen. Dat ass besonnesch bei Eisemeteoritten de Fall. Steemeteroiden zerfale bei nach gréisseren Ofmiessungen zu engem Schwaarm, deen trotzdeem net de Buedem erreecht, awer eng grouss Drockwell maache kann.

Den optriedende Liichteffekt entsteet dobäi nëmmen zum klengen Deel duerch d'Vergléie vum Deelche selwer, well Meteore liichten an iwwer 100 Kilometer Héicht. Duerch Loftreiwung an ofdämpend Material mécht sech hanner dem Kierper eng Plasmaspur, déi duerch stralend Rekombinatioun vun ugereegten Elektrone vu Loftatome liicht. D'Spuere kënnen dofir nach liichten, nodeem de Meteroid scho vergloust ass. Si loosse sech unhand vun der Reflexioun vu Funkwellen um leetfäege Plasma nach minuttelaang noweisen (Meteorscatter).

Ausser dem siichtbare Liicht ass munnechmol och Kaméidi oder Kraachen ze héieren.

Nieft eenzel optriedende Meteoren (sougenannt sporadesch Meteoren) gëtt et sougenannt Meteorstréim. Déi entstinn, wann d'Äerd d'Fluchbunn vun engem Koméit kräizt. Bekannt Meteorstréim sinn d'Quadrantiden am Januar, d'Perseiden am Juli an August, d'Leoniden am November souwéi d'Geminiden am Dezember.

Och kënschtlech Satellitten a Rakéitendeeler (Weltraumschrott) maache beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär meteorähnlech Liichterscheinungen. Si sinn awer méi lues, doru kann e se vu richtege Meteoren ënnerscheeden.

Aner Zorten

änneren

Ofgesi vun den uewe beschriwwene Meteoroiden, déi Liichterscheinunge maachen, gëtt tëscht de follgende Kategorië vun als Meteor bezeechenten Erscheinungen ënnerscheet, déi net duerch Kierperen, déi vergléien, entstinn:

Meeschtens handelt et sech bei dëse Meteoren ëm Naturerscheinungen, e puer hunn awer en anthropogenen Urspronk, wéi zum Beispill Kondenssträife vu Fligeren oder d'Iridium Flares, déi duerch Spigelung an de Solarzelle vu Raumfluchkierper entstinn.

Literatur

änneren
  • Heinrich Müller: Vater Beresfort's naturhistorische Unterhaltunge mit seinen Söhnen über die Wunder, die Pracht und den Nutzen der Meteore. Anleitung zur Betrachtung und Kenntniß großer, mächtiger, freundlicher u. ergötzlicher Naturerscheinungen. Krappe, Leipzig 1837 (Digitalisat).
  • Cuno Hoffmeister: Meteore, ihre kosmischen und irdischen Beziehungen. Akademische Verlagsgesellschaft, Leipzig 1937.
  • Cuno Hoffmeister: Meteorströme. J. A. Barth Verlag, Leipzig 1948.
  • Robert Hawkes, Ingrid Mann, Peter Brown: Modern Meteor Science. An Interdisciplinary View. Berlin 2005. ISBN 1-4020-4374-0.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Meteor – Biller, Videoen oder Audiodateien