Helike (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 6 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 21.263.000 km |
Periapsis | 17.946.000 km |
Apoapsis | 24.580.000 km |
Exzentrizitéit | 0,156 |
Ëmlafzäit | 634,8 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,44 km/s |
Inklinatioun | 154,8° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,6 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 6. Februar 2003 |
Den Helike (oder Jupiter XLV) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
Den Helike gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut déi virleefeg Bezeechnung S/2003 J 6, a gouf den 30. Mäerz 2005 vun der Internationaler Astronomescher Unioun offiziell no der anticker griichescher Stad Helike genannt.
Bunndaten
Den Helike kreest op enger mëttlerer Distanz vun 21.263.000 km a 634 Deeg an 19 Stonnen ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,156. Mat enger Schréi vun 154,8° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Helike zu der Ananke-Grupp, genannt nom Jupitermound Ananke, gezielt.
Physikalesch Donnéeën
Den Helike huet en Duerchmiesser vu ronn 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Hien huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,6m.
Kuckt och
Um Spaweck
- MPEC 2003-E11: S/2003 J 1, 2003 J 2, 2003 J 3, 2003 J 4, 2003 J 5, 2003 J 6, 2003 J 7 4. Mäerz 2003 (Entdeckung)
- MPEC 2003-E29: S/2003 J 9, 2003 J 10, 2003 J 11, 2003 J 12; S/2003 J 1, 2003 J 6 7. Mäerz 2003 (deelweis Revisioun vum MPEC 2003-E11)
- MPEC 2004-E30: S/2003 J 6 10. Mäerz 2004 (Zeréckentdeckung)