International Astronomesch Unioun
D'International Astronomesch Unioun, ofgekierzt IAU, ass am Joer 1919 gegrënnt ginn. Et ass eng weltwäit Gesellschaft vun Astronome mat Sëtz zu Paräis. Hiert Zil ass d'Ënnerstetzung vun der Astronomie duerch eng international Zesummenaarbecht. Si ass nieft aneren änlechen Organisatioune fir aner Wëssenschaftsdeeler e Member vum International Council of Scientific Unions (ICSU), dee säi Sëtz och zu Paräis huet. Mat dem Stand vum August 2006 sinn an der IAU 8858 Eenzelmembere aus weltwäit 85 verschiddene Länner souwéi 62 astronomesch Gesellschaften an national Akademien zesummegeschloss.
Organisatoresches
[änneren | Quelltext änneren]D'Organisatioun organiséiert zanter 1922 all dräi Joer an ëmmer an engem anere Land eng Generalversammlung. Op dëse Generalversammlunge ginn nei astronomesch Entdeckungen diskutéiert an néideg Kooperatiounen a Standardiséierunge behandelt. Sou gi Froe vun der Nomenklatur gekläert, wéi d'Nimm vu Stären, Planéiten, Asteroiden an aner Himmelskierper souwéi vun Uewerfächmierkmoler, wéi zum Beispill vu Bierger a Krateren.
Nr. | Numm vu verschidde Kommissiounen |
---|---|
4 | Ephemeriden |
5 | Dokumentatioun an astronomesch Date |
6 | Astronomesch Telegrammer |
7 | Himmelsmechanik an dynamesch Astronomie |
8 | Astrometrie |
9 | Astronomesch Techniken an Instrumenter |
10 | Sonnenaktivitéit |
12 | Stralung an Opbau der Sonnenatmosphäre |
14 | Atom- a Molekülldaten |
15 | Physikalescht Studium der Koméiten a kleng Planéiten |
16 | Physikalescht Studium der Planéiten a Mounden |
19 | Äerdrotatioun |
20 | Positiounen a Beweegunge vu klenge Planéiten, Koméiten a Mounden |
21 | Nuetshimmelliicht |
22 | Meteoren, Meteoritten an interplanetare Stëbs |
25 | Stärephotometrie a -polarimetrie |
26 | Duebel- a Méifachstären |
27 | Verännerlech Stären |
28 | Galaxien |
29 | Stärespektren |
30 | Radialvitess |
31 | Zäit |
33 | Opbau an Dynamik vu galaktesche Systemer |
34 | Interstellar Matière |
35 | Stärenopbau |
36 | Theorie vu Stäreatmosphären |
37 | Stärekéip an Associatiounen |
40 | Radioastronomie |
41 | Geschicht vun der Astronomie |
42 | Duebelstären déi no beienee stinn |
44 | Weltraum an Héichenergieastrophysik |
45 | Stäreklassifikatioun |
46 | Astronomieausbildung |
47 | Kosmologie |
49 | Interplanetaresche Plasma an Heliosphär |
50 | Schutz vun existéierenden an potentiellen Observatiounsplazen |
51 | Bioastronomie: Sich no ausserierdeschem Liewen |
Ongeféier 37 Kommissioune vun der IAU si fir verschidde Saachgebidder a fir d'Plangen an Duerchféierung vu Fuerschungsprogrammer op iwwernationalem Niveau zoustänneg. Donieft gëtt et och nach verschidden Aarbechtsgruppen, wéi déi fir d'Nomenklatur vu planetaresche Systemer (WGPSN: Working Group for Planetary System Nomenclature).
D'IAU huet d'Patronat iwwer vill international astronomesch Sëtzunge wéi speziell Symposien a Kolloquien souwéi iwwer d'Klengplanéiten-Zentrum an d'Zentralbüro fir astronomesch Telegramme am Smithsonian Astrophysical Observatory zu Cambridge, Massachusetts, dat den zentralen Noriichtendengscht observéiert. Doriwwer eraus ënnerstëtzt d'IAU och d'Astronomie an den Entwécklungslänner.
Historesches
[änneren | Quelltext änneren]Als Ur-Organisatioun vun der IAU kann d'Kommissioun vum Carte du Ciel-Projet betruecht ginn, déi hiren Intressi un der Vermiessung vu Stäreplazen vum Joer 1887 op aner Gebidder vun der Astronomie ausdeent huet.
Joer a Plaz vun de Generalversammlungen | ||
---|---|---|
1. | 1922 | Roum, Italien |
2. | 1925 | Cambridge, England |
3. | 1928 | Leiden, Holland |
4. | 1932 | Cambridge, Massachusetts, Amerika |
5. | 1935 | Paräis, Frankräich |
6. | 1938 | Stockholm, Schweden |
7. | 1948 | Zürich, Schwäiz |
8. | 1952 | Roum, Italien |
9. | 1955 | Dublin, Irland |
10. | 1958 | Moskau, Sowjetunioun |
11. | 1961 | Berkeley, Kalifornien, USA |
12. | 1964 | Hamburg, Däitschland |
13. | 1967 | Prag, Tschechoslowakei |
14. | 1970 | Brighton, England |
15. | 1973 | Sydney, Australien |
16. | 1976 | Grenoble, Frankräich |
17. | 1979 | Montréal, Kanada |
18. | 1982 | Patras, Griicheland |
19. | 1985 | Nei-Delhi, Indien |
20. | 1988 | Baltimore, Maryland, USA |
21. | 1991 | Buenos Aires, Argentinien |
22. | 1994 | Den Haag, Holland |
23. | 1997 | Kyoto, Japan |
24. | 2000 | Manchester, England |
25. | 2003 | Sydney, Australien |
26. | 2006 | Prag, Tschechien |
27. | 2009 | Rio de Janeiro, Brasilien |
28. | 2012 | Peking, China |
29. | 2015 | Honolulu, USA |
30. | 2018 | Wien, Éisträich |
31. | 2021 | Busan, Südkorea |
Am Joer 1922 huet d'IAU zu Roum déi haiteg Zuel vun 88 Stärebiller festgeluecht. 1925 am englesche Cambridge krut de belschen Astronom Eugène Joseph Delporte vun hir den Optrag, déi genee Grenze vun de Stärebiller ze zéien. An am Joer 1928 goufen déi Grenzen zu Leiden ugeholl.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Rolf Sauermost (Hrsg.): Lexikon der Astronomie. In 2 Bänden. Herder, Freiburg 1989f. ISBN 3-451-21632-9
- Helmut Zimmermann, Alfred Weigert: ABC-Lexikon Astronomie. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg 81995. ISBN 3-86025-688-2
- Jacqueline Mitton: Astronomie von A bis Z. Franckh-Kosmos, Stuttgart 1995. ISBN 3-440-07007-7