795
Ausgesinn
◄ |
7. Joerhonnert |
8. Joerhonnert
| 9. Joerhonnert
| ►
◄◄ |
◄ |
791 |
792 |
793 |
794 |
795
| 796
| 797
| 798
| 799
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 795.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 26. Dezember: Nom Doud vum Hadrian I. gëtt de Leo III. zum neie Poopst gewielt. Hie schéckt de Schléssel Petri an d'réimescht Banner un de Karel de Groussen als Schutzhäer vun der Stad Roum.
- Éischt Iwwerfäll vun den Dänen op Irland: Iona, Inisbofin an Inismurray gi geplëmmt.
- De Bistum Köln gëtt zum Äerzbistum Köln erhuewen. Den Hildebold gëtt éischtem Äerzbëschof vu Köln.
- De Karel de Groussen erreecht bei enger Strofexpeditioun géint d'Sachsen d'Elbe bei dem Uert Lüne (Räichsannalen 795)
- Bardowick gëtt als Handelsplaz am nordëstleche Sachsen ernimmt.
- De Karel de Grousse grënnt d'Spuenesch Mark
- Den Ibn Mugharit, Generol vum Emir vu Córdoba, eruewert d'Stad Astorga vun Asturien
- De Generol Tugluq iwwerhëlt ënner dem Numm Ay-Tengride d'Herrschaft iwwer d'Uiguren
- Nom Doud vum Tilpin bleift d'Amt vum Äerzbëschof vu Reims fir 17 Joer onbesat.
- Äerdbiewen am Oste vu Kreta
- Eng fränkesch Expeditioun ënner der Leedung vum Slaw Wonomyr plëmmt eng éischt Kéier de "Rank" vun den Awaren. D'Saache ginn no Oochen iwwerfouert, wou si ënner de geeschtlechen a weltleche Getreie vum Karel dem Grousse verdeelt ginn. De gréissten Deel schenkt de Karel dem Poopst Leo III.
Konscht & Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Wëssenschaft & Technik
[änneren | Quelltext änneren]- Ëm 795: Bau vun enger Pabeiermillen zu Bagdad.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Lothaire I., réimesch-däitsche Keeser († 855).
- Judith, Keeserin als Fra vum Louis dem Frommem († 843).
- Ëm 795: Ethelwulf, Kinnek vu Wessex († 858).
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- Malik Ibn Anas, Grënner vun der islamescher Rechtsschoul (Madhhab) vun de Malikiten.
- 25. Dezember Hadrian I., Poopst
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 795 – Biller, Videoen oder Audiodateien |