Bréck (Architektur)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Brécken an der Architektur. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bréck. |
Eng Bréck ass e Bauwierk am Héichbau, dat als Zweck huet iwwer Hënnernesser (Waasserleef, Däll, Stroossen, Eisebunnen) ewech ze féieren.
Et ënnerscheet een tëscht den Natierleche Brécken, z. B. Pont d'Arc, an de gebaute Brécken.
Brécke kënne fir verschidden Transportméiglechkeete gebaut ginn:
- Stroossebrécken z. B. Groussherzogin-Charlotte-Bréck
- Eisebunnsbrécken
- Foussgängerbrécken z. B. Foussgängerbréck zu Iechternach
- Kanalbrécken
- Zu de Kanalbrécke gehéieren déi verschidde Variante jee nodeem wat driwwer geet:
- Brécke fir Schëffer a Verbindung mat engem Schëffskanal a meeschtens iwwer en anere Waasserlaf.
- Aqueducbrécken sinn en Deel vun engem Aqueduc a kënne mat dësem op engem Niveau leien oder mat engem Siphonsystem funktionéieren a méi déif leien.
- Gazoducen
- Oleoducen
Ausname si Fligerbrécken oder Fluchhafebrécken do wou eng Start- oder Landepist iwwer eng Strooss geet, z. B. Findel, oder den Accès fir op d'Pist iwwer eng Strooss geet, z. B. Roissy, oder an d'Mier era gebaut ass.
Brécke kënne fest oder beweeglech sinn.
Bei de beweegleche Brécke fanne mer ënner anerem:
- Hiefbrécken z. B. Recouvrance-Bréck
- Klappbrécken z. B. Marcotty-Bréck an Tower-Bridge
- Rullklappbrécken z. B.Pegasus-Bréck
- Transborderbrécken z. B. Transborderbréck vu Rochefort
- Pontonen
- Demontabel Brécken, haaptsächlech vun Arméie gebraucht Bailey-Bréck, oder ausklappbar Brécken op schwéier Gefierer montéiert.
Fotosalbum
[änneren | Quelltext änneren]-
Natierlech Bréck Pont d'Arc, Frankräich
-
Ausleeërbréck Eiserner Steg, Däitschland
-
Boubréck Adolphe, Lëtzebuerg
-
Sprengwierkbréck Grande-duchesse Charlotte, Lëtzebuerg
-
Hänkbréck Akashi-Kaikyō, Japan
-
Klappbréck zu Dvortsoviy a Russland
-
Schréiseelbréck Victor Bodson, Lëtzebuerg
-
Transborderbréck Tranny, England
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Brécken – Biller, Videoen oder Audiodateien |