Op den Inhalt sprangen

Christine Mailliet

Vu Wikipedia
Christine Mailliet
Gebuer 9. Januar 1987
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 2008

D'Christine Mailliet, gebuer den 9. Januar 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionickin.

D'Christine Mailliet ass vun Ettelbréck a schwëmmt fir de Swimming Club le Dauphin. Hir Stäerkte sinn 200 a 400 m Crawl/Fräistil. Si huet schonn a ganz jonke Joren ugefaange kompetitiv ze trainéieren (8-9 Joer) an huet am Laf vun hirer Karriär hiert Talent mat enger jett nationale Championstitelen a Landesrekorder bewisen.

Dobäi wier d'Schwëmmercarrière op en Hoer fréi op en Enn gaangen. Nodeem déi jonk Ettelbréckerin eng 13e commerce an der Täsch hat, sollten 12 Méint Intensivtraining zu Coral Springs am US-amerikanesche Bundesstaat Florida um Programm stoen[1][2]. E Klima dat ongewinnt a schlecht verdroe gouf, Kränkt an en Trainer deen éischter op Brasse wéi Crawl gekuckt huet, hunn der Schwëmmerin d'Decisioun, de Stage ofzebriechen an zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, net ze schwéier gemaach. Wéi si rëm doheem war, ass si nees krank ginn an hätt d'Schwamme bal fir zerguttst un den Nol gehaangen.

Den definitive Comeback koum dunn 2007 zu Monaco op de Spiller vun de klenge Länner wou si en neie Landesrekord op de 400 m Fräistil geschwommen ass an d'Goldmedail gewonnen huet.

D'Christine Mailliet, déi nach kuerz virun den Olympesch Summerspiller 2008 en neien nationale Rekord am 200 m Fräistil am Championnat geschwommen hat, huet sech och zu Peking gutt geschloen a blouf nëmmen 20 Honnertstelsekonnen hanner hirer eegener nationaler Beschtzäit.

D'Christine Mailliet ass d'Duechter vun der fréierer Rekord-Schwëmmerin Jacqueline Kirtz[2].

  • Olympesch Summerspiller 2008: 39. Plaz ënner 46 Konkurrentinnen aus 37 Natiounen, 200 m Fräistil mat 2'02''91
  • 2008: Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller 2008. Neie Landesrekord mat 2'02"71 iwwer 200 m Fräistil, Landeschampionnat, 15. Juni 2008.
  • 2007: 1 Goldmedail (400 m Fräistil, neie Landesrekord mat 4'24"67), 2 Sëlwermedailen (4 × 200 m Fräistil, 4 × 100 m 4-Nages), 3 Bronzemedailen (200 m, 800 m, 4 × 100 m Fräistil), Spiller vun de klenge Länner, Monaco.
  • 2005: 37. Plaz iwwer 200 m Fräistil, Schwamm-WM, Montréal (Kanada)
  • 2005: 1 Goldmedail (4 × 200 m Fräistil), 3 Sëlwermedailen (200 m, 400 m, 4 × 100 m Fräistil) an 1 Bronzemedail (4 × 100 m Medley), Spiller vun de klenge Länner, Andorra
  1. (de)STADTPORTRÄT. Revue, p. 67.. Gekuckt de(n) 18.06.2024.
  2. 2,0 2,1 Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 66-67. ISBN 978-2-9599734-5-1