Cuesta
Ausgesinn
Schichtstufen (och nach Cuesta genannt) fënnt een an engem Relief dee vun inklinéierte sedimentäre Schichte gebilt gëtt an an deem haart a mëll Gestengsschichten ofwiesselen, z. B. am Lëtzebuerger Guttland. Do ginn déi haart Schichte manner staark erodéiert wéi déi mëll an dofir kënnt et vir datt déi haart en Ofsaz an der Landschaft bilt, well se méi bestänneg war an och hire mëlle Sockel mat geschützt huet, wougéint déi mëll ënnen am Dall sinn.
Beispiller zu Lëtzebuerg:
- d'Schichtstuf vum Lëtzebuerger Sandstee gesäit ee gutt wann ee vun Nidderaanwen an d'Stad fiert, de Sennengerbierg geet d'Schichtstuf erop.
- Wann een op der Autobunn A3 no Süde fiert, gesäit een d'Schichtstuf vum Minett op där d'Diddelenger RTL-Antenn steet.
Un eng Cuesta schléissen dacks Zeiebierger un.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Cuesta – Biller, Videoen oder Audiodateien |