Dräikinnekssangen
Dräikinnekssangen ass e Brauch, dee besonnesch an däitschsproochege Géigenden ze fannen ass, bei deem op Dräikinneksdag dräi Leit (meeschtens Kanner), déi als helleg dräi Kinneke verkleet sinn, vun Dier zu Dier fir e Gudden Zweck heesche ginn.
D'Dräikinnekssange geet zeréck op d'Matthias-Evangelium 2,1, wou vun dräi "Stärendeiter" rieds geet, déi am Laf vun der Zäit zu "Kinneken" ëmgediebelt goufen.
Geschichtlech ass de Brauch zanter dem 16. Joerhonnert beluecht[1]. Dat geet och aus enger Handschrëft vu Biberach ervir déi op déi Zäit datéiert ass[2].
Dräikinnekssänger
[änneren | Quelltext änneren]D'Dräikinnekssänger gi vun hirer Par erausgeschéckt, a sangen de Leit,déi hinnen opmaachen, e Lidd oder soen e Gedicht oder e Gebiet op. Nodeem se Sue kruten, schreiwe se iwwer d'Dunn vun der Dier mat Kräid hire Seegenswonsch "C+M+B+" an déi jeeweileg Joreszuel mat dräi Kräizer. Am Joer 2023 ass dat 20*C+M+B+23. D'Bedeitung vun de Buschtawen C, M a B gëtt mat "Christus Mansionem Benedicat", "Christus soll dëst Haus seenen", erkläert.
Dräikinnekssangen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Zu Keel organiséieren d'Scouten all Joer de 6. Januar en Dräikinnekssangen an de Stroossen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dräikinnekssangen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ Meisen, Karl, Die Heiligen Drei Könige im volkstümlichen Glauben und Brauch, Köln 1949
- ↑ Lejeune, Carlo, Leben und Feiern auf dem Lande (Die Bräuche der belgischen Eifel) S. 38 ISBN 3-825048-13-8