Gemeng Tandel
Gemeng Tandel | |
---|---|
Märei vun der fréierer Gemeng Baastenduerf, hautdesdaags Büroe vun den technesche Gemengeservicer | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Tandel de: Tandel |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Veianen |
Chef-lieu | Baastenduerf |
Buergermeeschter | Carole Gils |
Awunner | 2.292 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 6.382,9923 ha[1] |
Héicht | 300 m |
Koordinaten |
49° 53’ 48’’ N 06° 10’ 55’’ O |
LAU-Code | LU0901 |
Websäit | http://www.tandel.lu |
D'Gemeng Tandel ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Veianen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Baastenduerf.
D'Gemeng ass den 1. Januar 2006 aus der Fusioun vun den deemolege Gemenge Baastenduerf a Furen entstanen.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[2]
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften an der fréierer Gemeng Baastenduerf:
Uertschaften an der fréierer Gemeng Furen:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Baastenduerf:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Furen:
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Tandel ass op den 1. Januar 2006 aus der Fusioun vun der Gemeng Baastenduerf, mat den Uertschafte Baastenduerf, Branebuerg, Laaschent an Tandel, an der Gemeng Furen, mat den Uertschafte Furen, Bëttel, Longsdref a Waalsdref, entstanen[3].
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Am Gesetz gouf festgehalen datt de Sëtz vun der neier Gemeng zu Tandel soll sinn, datt awer bis déi néideg Infrastrukture bestinn, de provisoresche Sëtz zu Furen ass. Well awer zu Furen net genuch Plaz war fir all d'Departementer vun der neier Gemeng opzehuelen, deele Büroe sech nach déi zwee fréier Gemengenhaiser vu Baastenduerf a Furen. (Stand: Sept.2007).
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: De gueules à l'écusson d'argent chargé d'une tour ouverte de gueules et accompagnée de trois merlettes d'argent, deux en chef et une en pointe |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun der Gemeng Tandel gëtt nom Majorzsystem gewielt.
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 2006 - 2023: Aly Kaes
- zanter 2023: Carole Gils[4]
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Tandel ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Tandel
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tandel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Loi du 21 décembre 2004 portant fusion des communes de Bastendorf et de Fouhren. legilux.public.lu (31.12.2004). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
- ↑ (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 04.07.2023.